Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sequenza: Black Classical Music

Roderick Cox

headphones

7 min

Lauschteren play_arrow

Dee jonken amerikaneschen Dirigent Roderick Cox lieft zu Berlin. Hien huet villfach Präisser gewonnen a scho vill wichteg Orchesteren an Europa an Nordamerika dirigéiert. An hien huet eng Initiativ an d'Liewe geruff, déi jonke schwaarze Museker:innen et erméiglecht, Instrumenter a Musekscoursen ze kréien. Dat ass fir hien d'Verantwortung vun der klassescher Musek. Hie selwer huet en zimmlech haarde Wee hanner sech, elo huet hien awer vill Succès. D'Maria Gutierrez verréit, wat Tennisspille mat engem klassesche Concert ze dinn huet.

Musek
Klassik
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Spirituals am Concertssall

Den Henry Thacker Burleigh ass dem Antonin Dvorak, dem Enrico Caruso oder dem Theodor Roosevelt begéint.
headphones

8 min

play_arrow

José White Laffite - Vu Kuba bis Paräis

De Geiist ass deen éischte schwaarze Solist bei den New Yorker Philharmoniker.
headphones

8 min

play_arrow

Pionéier an der Gittaremusek

Deen afroamerikanesche Gittarist Justin Holland mécht sech am 19. Joerhonnert bekannt mat senger Musek a sengem Engagement.
headphones

6 min

play_arrow

E Star op der Gei

Den afroeuropäesche Geiist a Komponist George Bridgetower
headphones

8 min

play_arrow

Joseph Bologne - de “Black Mozart”

Beschte Fechter aus Europa a Liblingsmuseker vun der Kinnigin Marie Antoinette
headphones

7 min

play_arrow

Komponist a Paschtouer

De Vicente Lusitano war ee vun de produktiivste schwaarze Kënschtler am Europa vum 16. Joerhonnert.
headphones

8 min

play_arrow

Vum Broadway an déi däitsch Charts

Deen afroamerikaneschen Operesänger Lawrence Winters wosst ze iwwerzeegen.
headphones

7 min

play_arrow

Vum Stroossesänger zum Concertsmuseker

D’Liewe vum afroamerikanesche Sänger Roland Hayes
headphones

8 min

play_arrow

Don’t worry be happy

E Liewensmotto, aus deem de Bobby McFerrin e Welthit gemaach huet.
headphones

9 min

play_arrow

Thomas Stimmel

"Die Kunst ist eine Tochter der Freiheit". D'Zitat vum Friedrich Schiller fënnt een op der Homepage vum Bassbariton Thomas Stimmel, dem Sänger mat villen Talenter.
headphones

7 min

play_arrow

Black Classical Music

Marian Anderson
headphones

8 min

play_arrow

Leontyne Price

Déi éischt Schwaarz Primadonna, déi hartnäckeg, awer och mat engem gewëssen Humor, géint d'Rassendiskriminéierung kämpft.
headphones

7 min

play_arrow

Grace Bumbry

Eng vun den éischten an och berüümtesten afroamerikanesch Operesängerinnen
headphones

8 min

play_arrow

Angel Blue

Eng Engelsstëmm an der Operewelt
headphones

8 min

play_arrow

Roderick Cox

Wat huet Tennisspille mat klassescher Musek ze dinn?
headphones

7 min

play_arrow

Wynton Marsalis

Den Trompettist huet Grammyen an der Kategorie Jazz, mee och an der Klassik gewonnen.
headphones

8 min

play_arrow

Branford Marsalis

De Jong vum Ellis a Bruder vum Wynton Marsalis erzielt op sengem Saxofon Geschichten.
headphones

7 min

play_arrow

Abel Selaocoe

Dee jonken Cellist verzaubert d'Klassikwelt.
headphones

7 min

play_arrow

Ashleigh Gordon

Eng Braatschistin an Aktivistin aus den USA
headphones

6 min

play_arrow

Isata Kanneh-Mason

Eng Pianistin mat enger Passioun fir all Zorte vu Musek
headphones

7 min

play_arrow