Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Johann Sebastian Bach - Partita Nr.6 a Mi Mineur, BWV 830: III. Corrente - Romain Nosbaum (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

opus / Klassik Aktuell

/ "Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.
Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: der Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.
Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Episoden

Eng Museksdegustatioun

D'Anne-Catherine Bucher invitéiert de Publikum ronderëm den Cembalo fir d'Barock-Musek op eng nei Aart a Weis kennenzeléieren.

Mozart an Tango am Barrio 31

E Projet vun der Fondatioun Ecouter pour mieux s'entendre zu Buenos Aires

Saudades

Déi nei CD vum Romain Nosbaum

Fir d'éischt déi Kleng, dann déi Grouss

No engem Loopino-Projet kënnt de Goldmund-Quartett an der Serie Rising Stars an d'Philharmonie.

Saudades

Déi nei CD vum Romain Nosbaum

Eng Laureatin vum Concours Reine Elisabeth

D'Geiistin Stella Chen mécht de Buerglënster Museksfestival op.

Eng zäitlos Oper

D'Laurence Equilbey dirigéiert de "Freischütz" am Groussen Theater.

Eng Laureatin vum Concours Reine Elisabeth

D'Geiistin Stella Chen mécht de Buerglënster Museksfestival op.

"Eine ganz schöne erste Begegnung"

De leschte Concert vum Mosel Musikfestival 2019 steet virun der Dier. Eng Editioun, déi och zu Lëtzebuerg op Besuch war.

Ee vun de beschten Harmonieorchesteren

D'Koninklijke Harmonie Sainte-Cécile Eijsden zu Téiteng

"Eine ganz schöne erste Begegnung"

De leschte Concert vum Mosel Musikfestival 2019 steet virun der Dier. Eng Editioun, déi och zu Lëtzebuerg op Besuch war.

"Wann s du schwätze kanns, kanns du sangen!"

Eng Devise ënner där den Institut Européen de chant choral e Programm fir all Niveauen a Leit zesummegestallt huet.

"Wann s du schwätze kanns, kanns du sangen!"

Eng Devise ënner där den Institut Européen de chant choral e Programm fir all Niveauen a Leit zesummegestallt huet.

Éischt Statioun: Skandinavien

Crossing Europe - d'Concertsrei vum Orchestre de Chambre du Luxembourg

Eng musikalesch Bibliothéik

Piano spillen, Musek lauschteren a Partiture studéieren: Am neie Gebai vun der Nationalbibliothéik huet och d'Musek en Doheem fonnt.

Och Insekte maache Musek

Muer Mëttwoch (2.10.2019) gëtt dem Claude Lenners säin "Insektenzyklus" opgeféiert.

Eng musikalesch Bibliothéik

Piano spillen, Musek lauschteren a Partiture studéieren: Am neie Gebai vun der Nationalbibliothéik huet och d'Musek en Doheem fonnt.
Vun Ufank un iwwerzeegt

Vun Ufank un iwwerzeegt

Den Éierestaatsminister Jacques Santer iwwer 30 Joer Solistes Européens

Eng exzellent Ambiance

An enger Prouf bei de Solistes Européens, Luxembourg
Vun Ufank un iwwerzeegt

Vun Ufank un iwwerzeegt

Den Éierestaatsminister Jacques Santer iwwer 30 Joer Solistes Européens