Radioen

On air

Notturno  |  François-Adrien Boieldieu - Concerto fir Harf an Do Majeur, I. Allegro brillante - Anaïs Gaudemard (Harf), Orchestre de l'Opéra de Rouen Normandie, Leo Hussain (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

opus / Klassik Aktuell

/ "Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.
Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: der Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.
Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Episoden

Braucht Saarbrécken eng eege Philharmonie?

Jo, mengt de Förderverein Saarphilharmonie a rifft an enger Resolutioun déi verantwortlech Politiker zu enger Diskussioun op.

Triple Chemin de la Croix

Concert zu Diddeleng fir den 100. Doudesdag vum Dominique Lang (29.3.2019)

Kee Stress

E Seminaire iwwer Optrëttsängscht, organiséiert vun der Associatioun vun de Museksschoulen

E seelene Repertoire

Concert-apéritif vun den Amis de l'OPL iwwwermuer (24.3.2019) an der Philharmonie

Kee Stress

E Seminaire iwwer Optrëttsängscht, organiséiert vun der Associatioun vun de Museksschoulen

Bach in the Subways

International gëtt haut den 334. Gebuertsdag vum J.S. Bach gefeiert.

Resonanzen - Bach in the Subways

Live-Musek a Gäscht um Gebuertsdag vum Thomaskantor (21.3.1685)

Musique à la Cour de Dresde

Den Ensembel Zefiro invitéiert op eng musikalesch Zäitrees op den Haff vun Dresden.

Hannescht op den Ursprong

Den Trio Cénacle mat engem Programm ronderëm de Victor Hugo

Musique à la Cour de Dresde

Den Ensembel Zefiro invitéiert op eng musikalesch Zäitrees op den Haff vun Dresden.

Traditioun a Kreatioun

Déi 32. Editioun vu Musek am Syrdall

Schüler a Léiermeeschter

Live-Concert mat der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern (24.3.2019)

Traditioun a Kreatioun

Déi 32. Editioun vu Musek am Syrdall

Vun der Gei op de Piano

D'Solistes Européens, Luxembourg an de Pianist Martin Stadtfeld mam 6. Concerto vum L.v. Beethoven

Den éischten Solo-CD

Der Harfenistin Anaïs Gaudemard iwwert hiren neien Disk

Vun der Gei op de Piano

D'Solistes Européens, Luxembourg an de Pianist Martin Stadtfeld mam 6. Concerto vum L.v. Beethoven

Den enigmatesche 6. Pianosconcerto vum Beethoven

Eng Transkriptioun vum Geieconcerto fir de Piano am Concert mat Solistes Européens, Luxembourg

En aussergewéinlechen Dirigent

De Sir Roger Norrington kritt 85 Joer.

Den enigmatesche 6. Pianosconcerto vum Beethoven

Eng Transkriptioun vum Geieconcerto fir de Piano am Concert mat Solistes Européens, Luxembourg

The Voyager

Eng nei CD mat Wierker vun der Albena Petrovic