Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

opus / Klassik Aktuell

/ "Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.
Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: der Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.
Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Episoden

Time to say good bye

Abschidsconcert vum Sir Simon Rattle gëschter (20.06.2018) an der Berliner Philharmonie

Jonk Talenter

Déi zwee Studenten aus dem CMNord, de Miguel Gruselle an de Benjamin Kruithof trieden als Laureate vum Cycle Supérieur zu Buerglënster op.

Opgewullt a festlech

De Jacques Neuen huet d'Musek fir d'Freedefeier um Virowend vun Nationalfeierdag geschriwwen.

Evgeny Kissin

De Pianist proposéiert e Rachmaninow-Owend mat engem soupçon Beethoven.

Eng festlech Ouverture fir Nationalfeierdag

Den Nik Bohnenberger krut d'Commande fir den zivillen Akt an der Philharmonie.
Fräiheetslidder mam Litty

Fräiheetslidder mam Litty

An der 7. Editioun vun der Serie "De Litty" geet et ëm Lidder, déi Mëssstänn an de Wonsch no Fräiheet thematiséieren.

Musek am Atertdaul

Déi 21. Editioun ass vum 25.8. bis de 7.10.2018.

Envoutântes cordes pincées

Den Ensemble à Plectre vun Esch mat de Solisten Danielle Gruselle (Bandoneon) an Adrien Brogna (Gittar) muer den Owend (16.6.2018) am Escher Conservatoire

Eng Weltrees duerch d'Instrumentegeschicht

De Johny Fritz, Chef vum Ensembel Tempus est Iocundum a passionéierte Sammler

D'Militärmusek an Neimënster

Concert am Kader vun der Fête de la musique um Parvis vun der Abtei Neimëster (15.6.2018)

Déi nei Saison vu Lucilin

Op der Pressekonferenz de Moien (13.6.2018), ass nieft dem Programm och iwwert déi allgemeng Zukunft vum Ensembel geschwat ginn.

E Brahms-Owend mam Paavo Järvi

Den Dirigent trëtt mat der Deutschen Kammerphilharmonie Bremen an der Philharmonie op.

Eng Traditioun weiderentwéckelen

De MoselMusikfestival start an eng nei Zukunft.

Sang mat

Kanner sange fir Kanner an der Philharmonie.
Vu Bach bis Petrovic-Vratchanksa

Vu Bach bis Petrovic-Vratchanksa

D'Pianistin Sabine Weyer an de Sofia Soloists Chamber Orchestra an der Philharmonie (19.6.2018)
E musikalesche Marathon

E musikalesche Marathon

Vun haut bis e Sonndeg leeft d'Bach-Fest 2018 zu Leipzig.

Gebuertsdagsfeier am Conservatoire du Nord

De 15. Anniversaire vum Choeurs des jeunes CMNord (10.6.2018)

E Péché de vieillesse

De Kammerchouer Ambitus sengt dem Gioacchino Rossini seng "Petite Messe solennelle".

Romain Asselborn am Presidium vun der EMU

Den Direkter vun der Maacher Musekschoul ass zanter Kuerzem am Presidium vun der European Music School Unioun.

40 Joer Amis du Chant

E Chouer feiert Gebuertsdag