Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

opus / Klassik Aktuell

/ "Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.
Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: der Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.
Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Episoden

E Baryton à Cordes am Concert

"Ech denken hei zu Lëtzebuerg ass dat déi aller éischte Kéier, datt een dat Instrument héiert."

Nom Mozart de franséische Repertoire

De Quatuor Van Kuijk kënnt als "Rising Star" an d'Philharmonie (6.6.2018)

Véier Joerhonnerte Musek

D'Saison 2018/2019 an der Opéra Metz-Métropole, dem eelsten Operenhaus a Funktioun a Frankräich

OPL - Live aus der Philharmonie

Am Kader vum Zyklus "Grands Rendez-Vous" - Live aus der Philharmonie um Radio 100,7 an SR2 Kulturradio.

Eng Relance

D'Concerts de Koerich 2018

Eng nei Aventure

D'Saison 2018/2019 an der Cité musicale de Metz

E musikalesche Bouquet

Filmmusejk am Parc vum Domaine thermal zu Munneref (03.06.2018)

Interpretatioun, Kompositioun a Fuerschung

D'Lauréaten vun der Bourse Michelle 2017

Kabuki, Ikebana a Bach

En ongewéinleche Kulturmix vun der Dänzerin Maki Ito, der Pianistin Junko Iwanaga an der Maître am Ikebana Sanae Kagamida.

Musek a Beem

De "Festreeval" an der Philharmonie

"Faites de la musique, Fête de la musique"

Vum 15. bis den 21. Juni ass dat grousst Museksfest.

Déi nei Saison vun der Deutschen Radio Philharmonie

Groussformateg Schlësselwierker aus der Orchesterliteratur, en eegene Youtube-Kanal, jonk Talenter an eng ganz Rei CD-Opnamen.

E gestéierte Concert an een onrouege Fluch

Neiegkeeten aus der internationaler Musekswelt
Eng Zäitrees zu Veianen am Schlass

Eng Zäitrees zu Veianen am Schlass

Den Ensembel Ad Libitum invitéiert op Musek vu Mëttelalter bis Barock

Digitaliséierung vun der Orchesterwelt

Internetplattformen an Tablets am musikaleschen Alldag

Den Akkordeon am symphonesche Concert

De Richard Galliano spillt haut den Owend (24.05.2018) zu Tréier am Theater.

European Championship for Wind Orchestras 2018

De 26. Mee 2018 am "Bozar" zu Bréissel

Schnebel, Levine an een Inskteconcerto

Neiegkeeten aus der internationaler Musekszeen

Coup de foudre vun der éischter Nout un

D'Hélène Grimaud an dem Brahms säin éischte Pianosconcerto

D'Péngschtfeierdeeg um radio 100,7

Een ofwiiesslungsräiche Programm fir e Sonndeg an e Méindeg