Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Franz von Suppé - Ouverture, aus 'Pique Dame' (Operett) - Detroit Symphony Orchestra, Paul Paray (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

opus / Klassik Aktuell

/ "Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

"Ech si frou erëm zu Lëtzebuerg ze sinn, an dëser herrlecher Hal"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Wéi den Timothy Ridout als klenge Jong d'Titelmelodie vun Harry Potter op enger Braatsch héieren huet, war hie selwer wéi verzaubert. Et war dee Moment datt hien och dat Instrument spille wollt.
Den Dënschde 15. Oktober kënnt de 29-järege Braatschist scho fir säin drëtte Concert op Lëtzebuerg. An der Philharmonie spillt hien zesumme mat dräi weidere jonke Musekerinnen a Museker: der Hyeyoon Park op der Gei, dem Kian Soltani um Cello an dem Benjamin Grosvenor um Piano.
Um Programm steet Kammermusek vu Richard Strauss a Johannes Brahms. An engem Gespréich mam Marie Schockmel huet den Timothy Ridout ënner anerem verroden, wéi et fir hien ass elo erëm zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, a wat him Freed mécht nieft dem Musek maachen.

Episoden

Begegnung mit Beethoven

Musek a Literatur muer Freideg (2. Abrëll 2021) am Mierscher Kulturhaus, eng Kreatioun vum Auteur Olivier Garofalo

Instrumentaliste sangen

Den Tenor Benjamin Alunni ass beim Ensembel Lucilin op Besuch fir e Programm anzestudéieren, bei deem d'Museker gläichzäiteg spillen a sangen.

Begegnung mit Beethoven

Musek a Literatur iwwermuer Freideg (2. Abrëll 2021) am Mierscher Kulturhaus

Hagars Klage

30. Mäerz 1811: dem Franz Schubert seng éischt Lied-Kompositioun

De Quatuor Akilone

Déi véier Musekerinne vu Paräis spillen iwwermuer Donneschdeg (1.4.2021) am CAPE Ettelbréck.

Eng Mise en bouche vu 555 Sonaten

D'Clavesinistin Anne-Catherine Bucher proposéiert bei engem Midi baroque an der Philharmonie en Abléck an dem Domenico Scarlatti säi Wierk.

Eng Mise en bouche vu 555 Sonaten

D'Clavecinistin Anne-Catherine Bucher proposéiert bei engem Midi baroque an der Philharmonie en Abléck an dem Domenico Scarlatti säi Wierk.

D'Klo vum Orpheus

cantoLX proposéiert en thematesche Concert mat Musek aus dem italienesche Seicento ronderëm den Orpheus an de Sujet vun der Klo.

De Beethoven an d'Dammen

D'Josephine Deym, d'Giulietta Guicciardi ...

Magical Russia

Deen neien Disk vum Duo Natalia

Monsieur Croche - Antidilettante

De 25. Mäerz 1918 stierft mam Claude Debussy och de Monsieur Croche. E fiktive Personnage, deen de Komponist a senge Kriticke schwätzen deet.

Meeschterwierker aus der Romantik

D'Geiistin Ekaterina Frolova an de Pianist Vesselin Stanev an der Philharmonie (27.3.2021)

Saint-Saëns a Schumann

De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg an de Pianist Alexandre Kantorow

Eng politesch Oper

D'Première vun der revidéierter Versioun vu "Simon Boccanegra" war de 24. Mäerz 1881.

Éischte franséische Laureat vum Tschaikowsky-Concours

De Pianist Alexandre Kantorow ass Solist an engem Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg (25.3.2021)
Keng Chrëschtmusek

Keng Chrëschtmusek

Den 23. März 1743 war déi Londoner Première vun "The Messiah"

Piano Days 2021

Recitalen, Meeschtercoursen an e Pianosconcours am Stater Conservatoire

Piano Days

Recitalen, Meeschtercoursen an e Pianosconcours am Stater Conservatoire (25. bis 28.3.2021)

Doud duerch en Dirigentestaf

Den 22. Mäerz 1687 stierft de Jean-Baptiste Lully, nodeems hie sech mat engem Dirigentestaf op déi déck Zéif geschloen hat.

De Spigel vun enger Passioun

Am Kader vum 20. Anniversaire vum Festival RMVA kann een zu Miersch am Kulturhaus eng Ausstellung iwwer al Instrumenter besichen.