Radioen

On air

Notturno  |  Ludwig van Beethoven - Sinfonie Nr.9 a Re Mineur, Op. 125, II. Molto vivace. Presto - Saturova (S.), Fujimura (A.), Elsner (T.), Gerhaher (Bar.), Gewandhausorch. Leipzig, MDR Rundfunkchor, Blomstedt (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

opus / Klassik Aktuell

/ Die Sehnsucht nach dem Süden

Die Sehnsucht nach dem Süden

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

De 4. November um 19h30 spillen d’Solistes Européens, Luxembourg (SEL) e Concert ënner dem Motto “Sehnsucht nach dem Süden” am grousse Sall vun der Philharmonie. Mat dobäi ass déi lëtzebuergesch afro-kubanesch Band Pepino Caliente. Um Programm: Bossa Nova, Mambo awer och Jazz an d'Italienne vum Felix Mendelssohn Bartholdy. De Pierre Kremer, Trompettist vun der Band, huet dem Marie Trussart ënner anerem verrode wat hie besonnesch un der südamerikanescher Musek begeeschtert a wat de Numm vun der Band eigentlech bedeit. De Serge de Cillia, delegéierten Administrateur bei de Solistes Européens, Luxembourg, erkläert wat en "Jeans Concert" ass a wéi d'SEL ëmmer nees versichen innovativ ze sinn.

Tickete ginn et um Internetsite vun de Solistes Européens, Luxembourg.

Episoden

Chrëschtdaagsstëmmung an der Philharmonie

Den Ensemble Le Concert Lorrain spillt dem Bach säi Weihnachtsoratorium

Die musikalische Hintertreppe: Adrian Willaert

Bei Barockmusik denke vill Leit un de Vivaldi, Tartini oder Monteverdi, also un Italiener. Si haten awer Virbiller hei aus dem Norden.

Adventsconcert vum Ensembel Ad Libitum

De Barocken Ensemble spillt zwee Concerten fir de gudden Zweck

Eng Rencontre mat den SEL

D'Solistes Européens Luxembourg lueden nees op eng Renconter an, dës Kéier ënnert dem Motto "Christmas Fireworks".

Musikalesch Zäitrees duerch déi lëtzebuergesch Gedichterwelt

D’Literaturwëssenschaftlerin Myriam Sunnen an d'Musekerinnen Noémie Sunnen, Magali Weber an Tatsiana Molakava trieden am Mierscher Kulturhaus op.

De Bach an déi italieenesch Musek

De Cembalist Alessandro Urbano proposéiert e Programm mat Wierker, fir déi sech de J.S. Bach um italieenesche Stil inspiréiert huet.

D'Pianistin Blandine Waldmann an der Schungfabrik

Den 10. Dezember spillt si e Concert an der Schungfabrik zu Téiteng. Um Programm: ënner anerem Wierker aus der franséischer, spuenescher a russescher Romantik.

Fuego del Tango

De Lëtzebuerger Quintett spillt ee Concert an Hommage un den Astor Piazzolla an der Philharmonie (10.12.)

Pocket Orchestra

En Orchester, deen an eng Täsch passt. Wat sech hanner dësem Titel verstoppt, kann een um nächste Concert Actart am Stater Conservatoire gewuer ginn.

Bach & Söhne

Den traditionelle Concert Au Seuil de l'Avent vun der Maîtrise dréit sech dëst Joer ëm de Johann Sebastian Bach a seng Jongen.

Bach & Söhne

Den traditionelle Concert Au Seuil de l'Avent vun der Maîtrise dréit sech dëst Joer ëm de Johann Sebastian Bach a seng Jongen.

E britteschen Apero an der Philharmonie

Mat Kammermusekswierker vu brittesche Komponisten, déi an enger entspaanter Ambiance opgeféiert ginn. De Leo Halsdorf spillt zesumme mam Emmanuel Chaussade a mam Quartett Henri Pensis.

Fënnef Frënn an hir Passioun fir d’Tango Musek

Concert de Midi mam Quintett La Boca am Neimënster (1.12.)

Black-White-Gold

Dës dräi Faarwe fënnt ee muer den Owend op der Bün am Stater Conservatoire. Do kann een nämlech e komplette Programm mat Saxophonsquartett a Piano erliewen.

Schöngeist

Déi déifgrënneg Konscht vum Sträichtrio, ëm déi de Schengen Trio e komplette Programm gebaut huet.

E Concert als Kaddo

Dat erméiglecht d’Fondation EME mam Projet “Musek schenken”.

Wéi ee Komponist hëlt ee mat op eng verloossen Insel?

Fir de Francesco Tristano ass et de Johann Sebastian Bach.

Orchestre Philharmonique de Thionville

No iwwer 40 Joer hält de Frédi Creola op als Intendant vum Orchester. Säi leschte Concert ass awer an engems dem Orchester säin éischte Concert an der Lëtzebuerger Philharmonie.

E Concert als Kaddo

Dat erméiglecht d’Fondation EME mam Projet “Musek schenken”.

... Oppressions - Libérations ...

Mat dräi Kolleegen aus dem Stater Conservatoire presentéiert de Jean Hilger e Programm, dee vum Fridden an d'Katastroph an nees zeréckféiert.