Die Sehnsucht nach dem Süden

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

De 4. November um 19h30 spillen d’Solistes Européens, Luxembourg (SEL) e Concert ënner dem Motto “Sehnsucht nach dem Süden” am grousse Sall vun der Philharmonie. Mat dobäi ass déi lëtzebuergesch afro-kubanesch Band Pepino Caliente. Um Programm: Bossa Nova, Mambo awer och Jazz an d'Italienne vum Felix Mendelssohn Bartholdy. De Pierre Kremer, Trompettist vun der Band, huet dem Marie Trussart ënner anerem verrode wat hie besonnesch un der südamerikanescher Musek begeeschtert a wat de Numm vun der Band eigentlech bedeit. De Serge de Cillia, delegéierten Administrateur bei de Solistes Européens, Luxembourg, erkläert wat en "Jeans Concert" ass a wéi d'SEL ëmmer nees versichen innovativ ze sinn.


Tickete ginn et um Internetsite vun de Solistes Européens, Luxembourg.


Episoden

To the Bone

Eng nei Emissioun am Januar um radio 100,7
headphones

13 min

play_arrow

Wéi een Afloss huet Zäit an der Musek?

Ee Fuerschungsprojet vum Institut für Systematische Musikwissenschaft op der Universitéit Hamburg ënnersicht de Phänomen Slow Motion.
headphones

9 min

play_arrow

D'Fondation Michelle

Een anonyme Mäzen ënnerstëtzt Lëtzebuerger Musekstalenter.
headphones

9 min

play_arrow

"[...] dat Bescht, wat ech virum "Feuervogel" geschriwwen hunn"

E Wierk vum Igor Stravinsky, dat laang verluer war, gouf déi éischte Kéier zanter iwwer 100 Joer nees opgefouert.

"Suzanne" a "Christmas Festival"

Vu Leonard Cohen bis Leroy Anderson – fir d’Feierdeeg, déi an d’Haus stinn, huet de Radio 100,7 ee flotte musikalesche Bouquet gebonnen.

Wéi conservéiert een eng historesch Uergel?

Eng Etude vum Arp-Schnitger-Institut zu Bremen huet sech mam Problem beschäftegt.

De Ludovico Einaudi

De wuel bekanntste Pianist a Komponist aus eiser Zäit kënnt an d'Philharmonie.

Vu Boulez bis Marriner

Interpreten, Komponisten an Dirigenten, déi 2016 gestuerwe sinn.

D'Weihnachtsoratorium zu Tréier

E Wierk, dat d'Leit all Joers op en neits an d'Concertssäll lackelt.

Den Tölzer Knabenchor

Zesumme mam OPL sti si fir e Chrëschtconcert an der Philharmonie op der Bühn.

D'Brass Band vum Escher Conservatoire

Den Ensemble huet mam Claude Schlim een neien Dirigent.

De Soundtrack vum Film « Rogue One »

Wéi klengt d’Musek vum éischte Star Wars Spinn-off ?

Wéi kënnt meng Musek an d'Gespréich?

D'Fédérations luxembourgeosies des auteurs et compositeurs (FLAC) huet eng Partnerschaft mat enger Internetplattform, déi Lien tëscht dem Créateur an dem Diffuseur soll maachen.

D'Barenboim-Said-Akademie

Zu Berlin ass eng nei Musekshéichschoul opgaangen.
Den Andrew Manze

Den Andrew Manze

Ee Gespréich mam briteschen Dirigent, deen als Chef invité beim OPL ass.

D'Musel an Nouten a Wierder

De Jos Groben huet eng Nikolaus-Hein-Anthologie publizéiert.
Estro Armonico op der Operebühn

Estro Armonico op der Operebühn

Den Ensemble sëtzt am Orchestergruef fir eng Produktioun v "La Bohème" am Stater Theater.

Den Trio Zimmermann

Dräi grouss Solisten, déi sech zesumme gedoen hunn, fir an engem Trio opzetrieden.

Dem Bach säi Weihnachtsoratorium

De Concert Lorrain, d'Pueri Cantores an den Dresdner Kammerchor interpretéieren véier Kantaten an der Philharmonie.

Eng nei Dramaturgin fir d'Philharmonie

D'Lydia Rilling betreit zanter dëser Saison de Beräich "Nei Musek" am Concertshaus um Kirchbierg.