Die Sehnsucht nach dem Süden

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

De 4. November um 19h30 spillen d’Solistes Européens, Luxembourg (SEL) e Concert ënner dem Motto “Sehnsucht nach dem Süden” am grousse Sall vun der Philharmonie. Mat dobäi ass déi lëtzebuergesch afro-kubanesch Band Pepino Caliente. Um Programm: Bossa Nova, Mambo awer och Jazz an d'Italienne vum Felix Mendelssohn Bartholdy. De Pierre Kremer, Trompettist vun der Band, huet dem Marie Trussart ënner anerem verrode wat hie besonnesch un der südamerikanescher Musek begeeschtert a wat de Numm vun der Band eigentlech bedeit. De Serge de Cillia, delegéierten Administrateur bei de Solistes Européens, Luxembourg, erkläert wat en "Jeans Concert" ass a wéi d'SEL ëmmer nees versichen innovativ ze sinn.


Tickete ginn et um Internetsite vun de Solistes Européens, Luxembourg.


Episoden

D'Mariam Batsashvili

Déi georgesch Pianistin ass Rising Star fir d'Saison 2016/2017.

Rainy Days 2016

De Festival fir zäitgenëssesch Musek an der Philharmonie

Digital Musicology

Wat sinn d'Chancen an d'Gefore vum Digitale fir d'Musicologie?

Musikbühne Saar

De radio 100,7 an SR3 diffuséieren déi populär Museksemissioun e Sonndeg live aus dem Trifolion zu Iechternach.

De Choeur de Chambre de Luxembourg

Den Ensemble huet eng nei CD publizéiert.

Talenter aus de Lëtzebuerger Conservatoiren

D'Militärmusek spillt zesumme mat Absolvente vum Prix supérieur.

Au Seuil de l'Avent

Um éischten Adventssonndeg proposéiert d'Maîtrise vun der Kathedral hiren traditionnellen Concert.

De Mariinsky Orchester

Den Ensemble vu St. Petersburg kënnt fir zwou Soiréeën an d'Philharmonie.

Den American Horn Quartet

De Kerry Turner, Matgrënner vum American Horn Quartet, Komponist, Cornist am OPL, ass am Studio, fir iwwert eng nei CD-Produktioun ze schwätzen.

Die Zauberflöte

Dem Mozart seng Oper ass am Saarbrécker Staatstheater ze gesinn.

Christian Gerhaher

Vum Dr. med. zum unerkannten Lied-Sänger: De Bariton huet een interessanten a spannenden Parcours hannert sech.

Stabat Mater

Dee Schwäizer Chorerograph Urs Dietrich huet fir den Tréierer Theater dem Giovanni Battista Pergolesi säi Meeschterwierk fir den Danztheater adaptéiert.

Musek vum Claude Debussy

Concert-apéro vun den Amis de l’OPL mat der Hélène Boulègue (Flütt), der Dagmar Ondracek (Braatsch) an der Catherine Beynon (Harf)
De Pianist Joseph Moog

De Pianist Joseph Moog

Deen däitsche Museker kënnt fir e Récital an den Escher Conservatoire.

Den Duo Rosa

D'Sopranistin Stephany Ortega an d'Pianistin Lena Kollmeier presentéieren hir nei CD "Return".

Der Freischütz

Dem Carl Maria von Weber seng romantesch Oper huet e Samschdeg Première zu Saarbrécken.

D'Bande d'Hautbois vum OPL

De Bléiserensemble vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg trëtt e Sonndeg an der Porkierch zu Kayl op.

De Concours International de Violon de Mirecourt

Déi 4. Editioun vum Concours fänkt haut un.

Den Orchestre révolutionnaire et romantique

De Sir John Eliot Gardiner kënnt mat sengem Orchester an d'Philharmonie.

Deutsche Radiophilharmonie zu Metz

Am Kader vum musikaleschen Austausch an der Groussregioun trëtt den Orchester vu Saarbrécken am Arsenal op.