Legenden an Temperamenter

play_disabled
on the headlines

Vu Frankräich iwwer Éisträich bis erop a Skandinavie geet et musikalesch e Sonndeg, den 8. Mäerz, vun 11 Auer u mat der Deutsche Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern (DRP).


Mel Bonis, Wolfgang Amadeus Mozart a Carl Nielsen heeschen dräi Komponisten, déi den Dirigent Michael Schønwandt ënner dem Theema Legenden an Temperamenter zesummebréngt.


Datt de Mozart eng Legend ass, versteet sech vum selwen. Vun him spillt d’DRP de Pianosconcerto Nr. 27 mam Paul Lewis als Solist.

Virdru sinn et “Trois femmes de légende” vun der franséischer Komponistin Mélanie Bonis.

Choleeresch, phlegmatesch, melancholesch a sanguinesch: dës véier Temperamenter beschreift de Carl Nielsen a senger 4. Symphonie, déi am zweeten Deel um Programm steet.


Den Opus 100,7 an SR Kultur iwwerdroen dës Matinée vun der Deutsche Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern zesumme live aus der Saarbrécker Congresshalle.


Programm:

Mélanie Bonis:

“Trois femmes de légende pour orchestre”:

“Le songe de Cléopâtre” op.180 Nr. 2

“Ophélie” op.165 Nr. 2

“Salomé” op.100 Nr. 2

Wolfgang Amadeus Mozart: Concerto fir Piano a Si bémol Majeur, KV 595

Carl Nielsen: Sinfonie Nr. 4, op.16 “Déi véier Temperamenter”


Interpreten:

Deutsche Radio Philharmonie

Michael Schønwandt, Dirigent

Paul Lewis, Piano

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Vergiesse Bijoue vum spuenesche Barock | © Quell: www.loselementosensemble.com / © 2023 Los Elementos

Vergiesse Bijoue vum spuenesche Barock

Maacht mam Opus eng Entdeckung an d'Téin vum spuenesche Komponist Francesco Corselli.
play_disabled
Meeschterhaft - Julia Fischer a Măcelaru | © Uwe Arens

Meeschterhaft - Julia Fischer a Măcelaru

Ofschlossconcert vum Chefdirigent Cristian Măcelaru, zesumme mat der renomméierter Geiistin Julia Fischer
play_disabled
Traditionell griichesch Lidder an e grousse Lëtzebuerger Solist um Cello | © Ivan Tomas Felez

Traditionell griichesch Lidder an e grousse Lëtzebuerger Solist um Cello

Um Echter'Classic Festival 2025 goufen et vill verschidde Concerten. Hei héiere mir der zwee, mat traditioneller Musek aus Griichenland a mam Matis Grisó als Solist um Cello.
play_disabled
OCL mam Alban Gerhardt | © Ben Ealovega

OCL mam Alban Gerhardt

Ënner dem Titel "Casser les murs" proposéiert den OCL e Concert, bei deem d'Grenzen tëschent der klassescher Musek an der Filmmusek verschwannen.
play_disabled
Esou kléngt déi nei Welt! | © Marco Borggreve

Esou kléngt déi nei Welt!

Dvorak a Gershwin mam Rudolf Buchbinder a mat der Deutschen Radiophilharmonie Saarbrücken/Kaiserslautern, ënner dem Pietari Inkinen
play_disabled
Concert-Hommage fir d'Françoise Groben | © Christian Melzer

Concert-Hommage fir d'Françoise Groben

Dës Emissioun ass en Hommage un déi grouss Lëtzebuerger Cellistin Françoise Groben, déi de 4. Dezember hire siechzegste Gebuertsdag gefeiert hätt.
play_disabled
Talenter vun hei | © Sophie Williams, Justine La Cour

Talenter vun hei

Showcase-Concerte vu Kultur LX um Echter'Classic Festival 2025
play_disabled
De Pierchen an de Wollef | © Philharmonie Luxembourg

De Pierchen an de Wollef

D’Lëtzebuerger Philharmoniker verwandele sech wärend deem Concert a Fillercher, Inten, eng Kaz an an e Wollef ...
play_disabled
Wann Jazz op Klassik trëfft | © Nikolaj Lund

Wann Jazz op Klassik trëfft

Zwou Mozart-Sinfonië stoussen op Wierker vun den US-Amerikaner Copland a Still.
play_disabled
Mozart an zäitgenëssesch Musek vu Roum | © Jānis Porietis

Mozart an zäitgenëssesch Musek vu Roum

Den Orchestra dell’Accademia Nazionale di Santa Cecilia spillt Wieker vu Mozart a Vasks bei engem Concert am Auditorium vum Parco della Musica zu Roum.
play_disabled
D'Kammerata Luxembourg feiert 40 Joer | © www.kammerata.lu

D'Kammerata Luxembourg feiert 40 Joer

De Jubiläumsconcert mat Musek vum Olivier Dartevelle a vum George Onslow
play_disabled
Concert vum Festival Musique dans la Vallée vu Biebereg | © Derek Prager

Concert vum Festival Musique dans la Vallée vu Biebereg

Sträichorchester Arthur Grumiaux mat de Solistinne Stéphanie Huang a Cécile Lastchenko
play_disabled
Mat vill Séil ... | © www.osi.swiss

Mat vill Séil ...

Dem Schubert seng “Unvollendete” an dem Tschaikowsky säin eenzege Geieconcerto: zwee Héichpunkten aus der romantischer Literatur
play_disabled
Vill Pianoen um Rainy Days 2024 | © Alfonso Salgueiro

Vill Pianoen um Rainy Days 2024

Musek fir 4 a fir 12 Pianoen, opgeholl bei de Rainy Days 2024 an der Philharmonie zu Lëtzebuerg.
play_disabled
Klassik am Kaisersaal | © Schmelz Design

Klassik am Kaisersaal

Den Orchester Concerto Copenhagen spillt am prachtvolle barocke Kaisersaal vun der Residenz Würzburg.
play_disabled

Ee Klangfest mat grousser Besetzung

Orchester, 2 Chéier an e Solist stinn zesummen op der Bün.
play_disabled
D'Wiener Symphoniker mat Wierker vu Webern, Saint-Saëns a Rimsky-Korsakov | © Kaupo Kikkas

D'Wiener Symphoniker mat Wierker vu Webern, Saint-Saëns a Rimsky-Korsakov

Déi argentinesch Starcellistin Sol Gabetta spillt zesumme mat de Wiener Symphoniker dem Saint-Saëns säi bekannten Cello Concerto.
play_disabled
Rainy Days 2024 | © Marlene Soares

Rainy Days 2024

Musek fir zwee a sechs Pianoen, opgeholl bei de Rainy Days 2024 an der Philharmonie um Kierchbierg.
play_disabled
Flirte mat 4 Säiten

Flirte mat 4 Säiten

Wéi kann een hautdesdaags nach ee Mënsch fir sech gewannen a muss een dofir wierklech e Romeo sinn oder ënner engem Balcon stoen?
play_disabled
D'Finall vum internationalen Uergelconcours 2025

D'Finall vum internationalen Uergelconcours 2025

Héichpunkt vun der Uergelkonscht mat der Finall vum 10. Diddelenger Uergelconcours: 5 international Solisten a Solistinne spillen op der beandrockender Stahlhut-Jann Uergel.
headphones

120 min

play_arrow