1. Gréisser Justiz-Enquête wéinst méiglechem Bedruch a Saachen Immigratioun: Et gouf Perquisitiounen ënner anerem bei der Direction generale de l‘immigration am Inneministère a beim Héichschoulministère. Béid Ministèren hu schrëftlech reagéiert
2. D‘Marine Le Pen kéint bei de Presidentiellen d‘nächst Joer a Frankräich untrieden – allerdéngs mat enger elektronescher Foussfessel, esou d‘Urteel vum Appell-Geriicht. Ob si dat wëlles huet, soll si den Owend op der franséischer Tëlee soen
3. De Premier Luc Frieden packt et och am neie Politmonitor net an d‘Top 10 vun de beléifsten a kompetentste Politiker