Panorama
12 min
1. De Chef vun der libaneesescher Miliz Hisbollah huet sech haut fir eng éischte Kéier zanter dem Ufank vum Gaza-Krich per Video un d‘Ëffentlechkeet geriicht. Den Nasrallah huet d‘Terrorattack vun der Hamas gelueft
2. Den amerikaneschen Ausseminister Blinken an den israeelesche Premier hunn iwwer eng humanitär Wafferou diskutéiert. Den Netanjahu refuséiert dës Méiglechkeet, esou laang déi israeelesch Geiselen net vun der Hamas fräigelooss ginn
3. Nom Passage vum Orkan Ciarán iwwer West-a Mëttel-Europa koumen op d'mannst zwielef Mënschen ëm d‘Liewen. Eleng an der italieenescher Regioun Toskana sinn den Autoritéiten no op d'mannst fënnef Mënsche gestuerwen
4. Eng Rei Modifikatioune vum Code de la route sinn zanter der leschter Woch a Kraaft. Ee Changement betrëfft de Gebrauch vum mobillen Telefon hanner dem Steier5. D’Police mécht en Zeienopruff. De Moie géint halwer 10 hätt eng Persoun net wäit vun engem Supermarché an der Rue des Remparts zu Iechternach hire Portemonnaie geklaut kritt. All Informatioun ass fir de Policebüro vun Iechternach
Presentéiert vum
- Maxi Pesch
Episoden
Panorama
Wolz: Chauffeur an Untersuchungshaft / USA Shutdown: Kéng Léisung no Sëtzung vum neie Kongress / Frankräich: Bréif vu Gilets Jaunes un de President
Panorama
Diane Bisenius-Feipel géint Referendum iwwer Wahlbezierk/ Bob Jungels start bei Giro d'Italia / Optakt Prozess am Dossier Jamal Khashoggi
Panorama
Diane Bisenius-Feipel géint Referendum iwwer Wahlbezierk/ Bob Jungels start bei Giro d'Italia / Optakt Prozess am Dossier Jamal Khashoggi
Panorama
Géisdref: Schäfferot gëtt gestierzt / 2018 sinn 2.262 Mënsche bei der Rees iwwer Mëttelmier gestuerwen / China ass d'Landung op de Mound gelongen
