Radioen

On air

Wuelklang nom Iessen  |  Isaac Albéniz - Suite Española, Op. 47, Asturias - Juan Carlos Fernández-Nieto (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Nei Populatiounszuele vum Statec: Wuesstem vun 1,7 Prozent

Statec

Nei Populatiounszuele vum Statec: Wuesstem vun 1,7 Prozent

Op den 1. Januar hu 672.050 Leit zu Lëtzebuerg gelieft. Dat ass 1,7 Prozent méi wéi virun engem Joer. Domat ass d‘Populatioun manner séier gewuess, wéi nach dat Joer virdrun.

auto_stories

1 min

© Bigstock / ilixe48
Foto: Bigstock / ilixe48

D‘Joer 2022 war eng Ausnam, well do vill ukrainesch Flüchtlingen ukomm sinn. Alles an allem awer ass et den niddregste Wuesstemstaux vun de leschten 10 Joer. Dat geet aus den neie Populatiounszuele vum Statec ervir.

De Wuesstem vun 1,7 Prozent ass haaptsächlech bedéngt duerch d‘Migratioun. Ronn 27.000 Mënsche sinn d‘lescht Joer nei zu Lëtzebuerg ukomm, ronn 16.600 hunn d‘Land verlooss. 5.830 Residenten hu sech d‘lescht Joer naturaliséiere gelooss.

Da si 6.230 Kanner d‘lescht Joer hei am Land op d‘Welt komm, an et si knapp 4.430 Mënsche gestuerwen.

Et liewe knapp 4.500 méi Männer zu Lëtzebuerg, wéi Fraen. D‘Frae gi méi al, hir Liewenserwaardung läit bei 85 Joer, bei de Männer sinn et 81 Joer.