Klassik Album vun der Woch
D'Braatsch am Mëttelpunkt
6 min
Op sengem neien Album weist de Mathis Rochat säin Instrument op dräi verschidden Aart a Weisen. Eng Kéier an engem Arrangement, eng Kéier als Solo-Instrument an engem Concert an eng Kéier am Binôme mat der Solo-Gei vum Stephen Waarts. Um Programm vum Disk, deen de Solist zesumme mat der Camerata Schweiz ënner der Direktioun vum Howard Griffiths opgeholl huet, stinn zwee Wierker vum Johann Gottlieb Graun an eent vum Carl Philipp Emanuel Bach.
Presentéiert vum
- Luc Boentges