Klassik Album vun der Woch
Jonken Duo voller Feier a Flam
7 min
Jonken Duo voller Feier a Flam
Schonn zanter hirer Kandheet spillen d’Sophie an de Vincent Neeb zesummen. Déi zwee sinn net nëmme Geschwëster, mee och alle béid Pianisten - jonk Pianisten. D’Sophie huet ëm déi 24 Joer, an de Vincent ass zwee Joer méi al. Do passt och den Titel vum Album ganz gutt: “Sparks of Spirit”. Spark bedeit jo esouvill wéi Fonken, an den Duo spillt op dësem Album voller frëscher a jonker Energie - bal wéi Feierfonken, déi dauernd an d’Luucht sprangen.
Scho vill Präisser an der Täsch
D’Sophie an de Vincent Neeb hu scho mat 13 a 15 Joer hiren éischte Museksconcours zesumme gewonnen. Dat war dee vum Internationale Klavierduo-Festival Bad Herrenalb an Däitschland. Zanterhier kruten déi zwee sech och vill weider däitsch an international Präisser.
Wéi aus zwou Hänn
Déi zwee Geschwëster spillen an esou enger gudder Harmonie, datt ee bal mengt, et géifen nëmmen zwou an net véier Hänn um Fligel spillen. Si loossen all Musek immens einfach klengen, an dat, obwuel dacks vill Konzentratioun a Virtuositéit gefrot ass.
E wëlle Mix u Komponisten
Op hirem neien Album spillen d’Sophie an de Vincent Neeb Musek vu véier ganz verschiddene Komponisten. Nieft dem Bach sinn och de Schubert, de Reger an de Rachmaninoff dobäi. Soumat ass et ass eng musikalesch Entdeckungsrees duerch verschidden Epochen.
Dëst ass en Album voller musikalescher Kontraster, bei deenen een definitiv Loscht kritt, op all zukünfteg Produktioune vum Klavierduo Neeb - an déi wäerten net laang op sech waarde loosse bei den zwee jonke Museker.
Presentéiert vum
- Marie Schockmel