Klassik Album vun der Woch
Vun de Karpaten op déi grouss Bün
9 min
A sengem Ballet “Hochzeit in den Karpaten” weist sech de Paul Constantinescu vun enger traditioneller Säit. Hei entdeckt ee byzantinesch Tounaarten, folkloristesch Rhythmen a rumänesch Traditioun. Och a sengem Pianosconcerto aus dem Joer 1952 ginn et eng Rei där Elementer. Allerdéngs féiert de virtuose Kontext op eng méi international sinfonesch Klangsprooch. Wien de Paul Constantinescu nach net kennt, mee gäre Prokofiev, Khachaturian, Bartok, Stravinsky oder Ravel lauschtert, dee kënnt am Pianosconcerto ganz sécher op seng Käschten.
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes