Radioen

On air

De barocke Moien  |  Jõao Pedro de Almeida Mota - Sträichquartett Nr.2 a Ré Mineur, Op. 6, IV. Finale - Cuarteto Quiroga

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Album vun der Woch

opus / Klassik Album vun der Woch

/ Minimal Music fir Sträichquartett

Minimal Music fir Sträichquartett

headphones

5 min

Lauschteren play_arrow

Et ass keng Musek vum Pionéier vun der Minimal Music Philipp Glass, mee tatsächlech en italieenesche Komponist: De Filippo Cosentino. Säi neien Album heescht “Ascension”, also Himmelfahrt op Englesch. Op deem gi seng Sträichquartetter Nr. 5-8 vum Quartetto Speranza gespillt.
De Komponist schreift awer net nëmme Minimal Music, mee gouf och vum Pop, Jazz a Blues beaflosst.

E Synthesizer mat engem Sträichquartett

De Komponist spillt och Piano, Gittar a Bass. Am Quartett Nr. 5 spillt hie Synthesizer a begleet de Quartetto Speranza. De Quartetto Speranza, dat sinn iwweregens Museker a Musekerinnen aus dem Sinfoneschen Orchester vu Budapest. D'Klangfaarw vum Synthesizer vermëscht sech komplett mat där vun de Sträicher, soudatt en zwar heiansdo liicht ënnergeet, et awer zu engem groussen Touncluster vermëscht.

Datt et no Filmmusek kléngt, ass keen Zoufall

Genee wéi de Philipp Glass ass de Filippo Cosentino och e Filmkomponist an huet och scho fir e puer Filmer an Dokuen de Soundtrack geschriwwen. Et ass eng einfach Musek, déi gläichzäiteg vill Emotioune vermëttelt, genee wéi eng narrativ Struktur. Et ass schéin, bal meditativ Musek, déi heiansdo liicht ustrengend wierkt. Déi méi dissonant Akkorde ginn awer nees opgeléist, an et kritt een e Gefill vun emotionaler Opléisung. An engem Film kënnt de Protagonist jo och op Schwieregkeeten duer, éier déi opgeléist ginn, an et en Happy End gëtt.

Musek
Klassik
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Reimagined

Reimagined

Den Debut-Album vum däitschen Trio étoiles mat Wierker fir Piano an zwee Saxophonen.
headphones

11 min

play_arrow

"authentique"

Den Cellist Marc Coppey an de Pianist François Dumont interpretéiere sämtlech Wierker fir Cello a Piano vum Gabriel Fauré.
headphones

6 min

play_arrow

Neapology

Deen neien Album vum neapolitanesche Pianist Genny Basso
headphones

9 min

play_arrow

Vun de Karpaten op déi grouss Bün

Folkloristesch Rhythmen, byzantinesch Tounarten an eng ideal Symbios tëschent Solist, Orchester an Dirigent.
headphones

9 min

play_arrow

Musek iwwer d’Krokodillen an d’Natur vu Florida

Deen neien Album vum Founders Trio mat Wierker vum Amerikaner John D. Gottsch
headphones

8 min

play_arrow

Suitte vun Dieupart a Bach

Den Ensembel Marsyas Baroque spillt Suitte vum Charles François Dieupart a vum Johann Sebastian Bach.
headphones

5 min

play_arrow

Wann d'Feier brennt

Deen alleréischten Album vum spueneschen Ensemble Bayona mam Titel “Cuando el Fuego Abrasa”
headphones

10 min

play_arrow

Jonken Duo voller Feier a Flam

De ganz neien Album “Sparks of Spirit” vum jonke Geschwësterduo “Klavierduo Neeb”
headphones

7 min

play_arrow

Folias Americanas

Zwee Kontinenter, zwou Epochen, zwou Kulturen: Deen neien Album vum Ensemble Vedado mat Kammermusek vum Marais an Àlvarez
headphones

8 min

play_arrow

Entdeckerfreed

De Pablo Heras-Casado an de Mahler Chamber Orchestra presentéieren ënner anerem zwee méi onbekannte Wierker vum Manuel de Falla.
headphones

9 min

play_arrow

The Guitar Player

De Gittarist Mattias Schulstad spillt schweedesch Vollekslidder a beléifte Wierker aus dem Gittarerepertoire.
headphones

8 min

play_arrow
Eklektesch, an awer vereent

Eklektesch, an awer vereent

Den HD Duo presentéiert Wierker vu sechs zäitgenësseschen, australesche Komponisten. Déi zentral Roll spillen dobäi ëmmer de Saxofon an de Piano.
headphones

9 min

play_arrow

E Prënz op der Gei

Zu senger Zäit war de Joseph Bologne de “King of Pop”.
headphones

11 min

play_arrow

De valenzianesche Mozart

Deen neien Album vun de Moonwinds Simfónic ënner der Leedung vum Joan Enric Lluna
headphones

11 min

play_arrow

Eng gelongen Transparenz

De Markus Poschner dirigéiert den Orchestra della Svizzera italiana mat der fënnefter a sechster Sinfonie vum Tschaikowski.
headphones

4 min

play_arrow

Bruckner 2

Et ass déi lescht Fassung vum Bruckner senger zweeter Sinfonie, déi de Gerd Schaller mat sengem Orchester Philharmonie Festiva opgeholl huet.
headphones

11 min

play_arrow

The Silk Road

Vu Venedeg bis a China mat 4 verschidde Komponisten. Op dës Rees hëlt d'Oslo Kammerakademi hir Nolauschterinnen an Nolauschterer mat.
headphones

10 min

play_arrow

Gudde Kaffi fir ee gelongenen Album

Album mat der däitsch-irescher Cellistin Nuala McKenna an dem amerikanesche Pianist Robert Kulek
headphones

8 min

play_arrow

Eng Komponistin vun Debussy bis Penderecki

Hänssler classic huet en Disk mat ausschliisslech Musek vun der Grete von Zieritz erausbruecht. Et ass eréischt den zweeten Disk, nëmme mat Musek vun der éisträichesch-däitscher Komponistin.
headphones

7 min

play_arrow

Ausdrécken, woufir et keng Wierder ginn

Den Cellist Pieter Wispelwey verschafft seng Trauer mat engem neien Album mat Wierker vu Bach, Kodály a Britten.
headphones

4 min

play_arrow