Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Benjamin Godard - Suite de Trois Morceaux, Op. 116, III. Valse - Nathanael Carré (Flütt), Ensemble Nuanz

play_arrow Live
opus

/ 1.000 Deeg Krich an der Ukrain: LUkraine manifestéiert virun der Chamber

Russesche Krich an der Ukrain

1.000 Deeg Krich an der Ukrain: LUkraine manifestéiert virun der Chamber

Zanter 1.000 Deeg ass de Krich an der Ukrain amgaangen. Aus dësem Grond huet d’Associatioun LUkraine, also d’Vereenegung fir déi ukrainesch Communautéit zu Lëtzebuerg, um Dënschdegmëtten zu enger Manifestatioun virun der Chamber opgeruff.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Geschriwwe vum Pebia Urban

Mat Schëlder mat der Opschrëft "Killer Putin" oder dem Saz "Europa brauch e Stéck Courage", hu sech eng Rei Leit versammelt a méi Ënnerstëtzung fir d’Ukrain gefuerdert. 

Andréck vun der Demoplay_arrow

Eng vun de Fuerderungen un déi Lëtzebuerger Deputéierten ass, europawäit an och zu Lëtzebuerg méi staark géint déi russesch Propaganda virzegoen, esou den Nicolas Zharov, de President vu LUkraine. Och mat finanzielle Mëttel kéint een d’Ukrain weider ënnerstëtzen. Dëst kéint ee mat de Sue maachen déi duerch ekonomesch Sanktioune blockéiert gi sinn, sou de Nicolas Zharov.

"Donc, on propose non seulement d'utiliser les dividendes qui sont générés par ces fonds bloqués, mais surtout de les bloquer et d'utiliser complètement pour aider l'Ukraine, surtout si on sait la situation géopolitique qui se passe aux États-Unis. On n'est pas sûr s'il y aura d'autres financements qui vont venir."

Lauschterenplay_arrow

Iwwerdeems fuerdert Associatioun LUkraine weider verschäerfte Sanktiounen. D`EU huet momentan iwwer 2.300 Persounen a Strukture sanktionéiert.