Radioen

On air

De gemittlechen Owend  |  

play_arrow Live
opus

/ Bränn zu Los Angeles déi schlëmmst an der Geschicht vun der Stad

Op d'mannst 5 Doudeger

Bränn zu Los Angeles déi schlëmmst an der Geschicht vun der Stad

Op d'mannst 5 Doudeger an iwwer 2.000 zerstéiert Haiser, dat ass de Bilan vun de Bëschbränn ronderëm Los Angeles. Dat sougenannte Palisades Fire am Nordoste vun der Milliounestad huet fir déi schlëmmsten Zerstéierung gesuergt.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

Pompjeeë läschen d'Bränn zu Los Angeles | © picture alliance / Photoshot | - play_arrow
Foto: picture alliance / Photoshot | -

Och eng Rei Haiser vu Stare goufen zerstéiert. D'Eaton Fire bei Pasadena huet sech an Tëschenzäit op iwwer 43 Quadratkilometer ausgebreet. 37.000 Gebaier sinn hei bedrot. Och an de berüümten Hollywood Hills steet d'Gewan a Flamen. De staarke Wand mécht d‘Läschaarbechte praktesch onméiglech.

Amerikanesche Medien no handelt et sech elo schonn ëm ee vun de schlëmmste Bränn an der Geschicht vu Los Angeles. 

Lauschterenplay_arrow