Wann et der ACEL no geet, da si bis 2030 op mannst 1.600 Studentewunnenge hei am Land néideg. Aktuell sinn et der just iwwer 1.070. Déi bis elo geplangte ronn 1.400 Wunnenge ginn net duer, seet d’Studentevereenegung haut op hirer Rentréespressekonferenz.
Groussen Ecart tëschent Offer an Demande
D’Offer u Studentewunnenge géif nämlech net mat der wuessender Zuel u Studente mathalen, seet d’ACEL. D’Uni Lëtzebuerg hätt mëttlerweil ronn 7.500 Student:innen, Enn September awer just 1.071 Studentewunnengen. D’ACEL hält dofir e méi staarken Ausbau vum Wunnraum fir néideg, esou hire President Mattis Noël.
"Do mierkt ee ganz kloer, datt d’Offer an d’Demande net d’selwecht sinn. Do krute mer elo verséchert, datt bis 2030 eng 1.400 Studentewunnenge wäerten do sinn. Dat ass duerchaus de richtege Schrëtt no vir, wou mir als ACEL awer nach ëmmer soen: Dat geet net duer. Do fuerdere mer 1.600 Studentewunnengen."
Well d’Uni net genuch Studentewunnengen ubidde kann, musse vill Student:innen op de Privatmarché auswäichen. Do leien d’Präisser der ACEL no dacks bei iwwer 1.000 Euro de Mount a stellen domat fir vill Student:innen eng grouss finanziell Belaaschtung duer.
Méi Medezinsstudium: Positiv, mee entsprécht net all de Prioritéiten
D’Reform vun der Aide Financière bewäert d’ACEL dogéint positiv. D’Mobilitéitsbourse klëmmt ëm 5 Prozent, an de maximalen Zënssaz fir Studenteprête geet vun zwee op 1,8 Prozent erof.
Positiv gesäit d’ACEL och, datt d’Studieméiglechkeeten zu Lëtzebuerg weider ausgebaut ginn. D’Viraarbechte fir e Master an der Medezin hunn ugefaangen. Donieft lafen zënter dem akademesche Joer 2024/25 dräi nei beruffsbegleedend Masteren an den Erzéiungswëssenschaften.
Bei der Medezin weist d’ACEL awer drop hin, datt déi geplangte Spezialisatiounen net all de Prioritéite vun de Student:innen entspriechen.
Ze wéineg Wëssen iwwer d'Stagegesetz
Beim Stagegesetz fuerdert d’ACEL Nobesserungen. Si kritiséiert virun allem eng Diskrepanz tëschent dem Aarbechtsrecht an der Sozialversécherung: Stagiairë kënnen deelweis op Basis vum volle Mindestloun cotiséieren, obwuel si nëmmen en Deel dovunner verdéngen.
"Do fuerdere mir, datt dat Gesetz nei geschriwwe gëtt, datt déi Inkohärenzen ewechfalen, fir wierklech de Studenten ze hëllefen."
Hinne géif och ee groussen Informatiounsdefizit opfalen.
"Besonnesch bei de Stagiairen, awer och bei de Patronen, well si net wëssen, ënner wéi eng Konditiounen ee Student fält, wann en e Stage mécht, wéi ee muss bezuelen, an datt déi Bezuelungen och heiansdo kënnen iwwerholl ginn."
D’ACEL wëllt dofir net nëmmen Upassunge beim Gesetz, mee och datt Stagiairen a Patrone besser iwwer hir Rechter an d’Reegele bei der Bezuelung informéiert ginn.