Elengerzéiend Famillje gehéieren domat zënter Joren zu de Gruppen, déi am stäerkste vum Aarmutsrisiko betraff sinn.
Gläichzäiteg weist de Panorama social 2026 vun der Chambre des Salariés, datt och eng Aarbecht net ëmmer virun Aarmut schützt. Lëtzebuerg ass deemno dat Land an der Eurozon, wou eng Aarbecht am mannste virum Risiko schützt, aarm ze sinn.
Als aarmutsgefäerdet gëllt, wien an engem Stot lieft, deem säi verfügbaart Akommes ënner 60 Prozent vum mediane Liewensniveau läit.
Wéi gesäit den Alldag fir esou eng Famill aus?
Et ass spéiden Nomëtteg. D'Sandra, déi a Wierklechkeet anescht heescht an anonym bleiwe wëllt, kënnt grad vun der Aarbecht heem. Si schafft an der Kiche vun enger Maison relais – am Ganzen 40 Stonnen d'Woch. Elo fänkt doheem den zweeten Deel vun hirem Dag un.
D'Sandra ass 48 Joer al an huet fënnef Kanner. Déi zwee Jéngst wunnen nach bei hir a ginn nach an d’Schoul.
D'Sandra bezilt ronn 1.000 Euro Loyer. Dobäi kommen den Auto, Stroum, Mazout an déi aner lafend Käschten. Um Enn vum Mount bleift kaum nach finanzielle Spillraum.
"Ech wäert awer bei 2.000, 2.500 Euro leien, wat all Mount fortgeet. [...] Also Ausgabe fir iergendeppes ze maachen, bleift guer näischt bal. Mir gi praktesch net an d'Vakanz.“
Wat et bedeit, wa bal keng Sue méi iwwereg bleiwen, weist sech och beim Iessen. Géint Enn vum Mount gëtt de Choix méi kleng.
"Elo am Moment ginn et nach just Nuddelen a Kniddele fir de Rescht vum Mount. Et gëtt elo näischt méi mat Fleesch, well et ass net méi machbar. Gëschter Nuddelen am Schäffche mat enger wäisser Bechamelszooss.“
Vakanz oder Restaurant sinn do kaum dran.
Och bei méi klengen Ausgabe gëtt gerechent. Esou waren zum Beispill och keng Sue fir Halloween-Dekoratioun do. D'Sandra spuert beim Heizen a beim Waasser. Waasser, dat si doheem opfänkt, benotzt si zum Beispill nach fir d'Blummen oder fir de Buedem ze botzen.
An trotzdeem soll den Alldag vun hire Kanner esou normal wéi méiglech bleiwen.
"An der Schoul mierkt een op eemol den Ënnerscheed"
Schoul, Hausaufgaben, Iessen – en normalen Owend an enger Famill. Wat een dobäi net direkt gesäit: Vill Decisiounen hänken och dovun of, wat nach am Portmonni ass.
Haut ass ee vun hire méi ale Kanner op Besuch, de Max. Hien ass 27 Joer al an heescht a Wierklechkeet anescht. Hie wëllt och anonym bleiwen.
Hie seet, als klengt Kand hätt hien déi finanziell Schwieregkeeten nach net esou bewosst matkritt. Méi spéit, virun allem an der Schoul, wier him ëmmer méi opgefall, datt seng Famill bei ville Saache méi huet misse rechnen.
"Och wéi an der Lycéeszäit all d'Kolleegen hunn ëmmer vun hire Vakanze geschwat, wéi cool et war, gutt Wieder, et cetera. Mir waren ëmmer hei. Ech kann op enger Hand opzielen, wéi oft ech an der Vakanz war. Et fillt ee sech esou bëssi: Jo, wat ass dann iwwerhaapt dobaussen? Mir hu just d'Duerf kannt.“
Esou Situatioune sinn zu Lëtzebuerg keen Eenzelfall. Beim Office social Resonord ass d'Zuel vun de Leit, déi do Hëllef ugefrot hunn, an de leschte Jore geklommen, erkläert d'Evelyne Mertens vum Resonord.
"D'Unzuel vun den Demandeuren ass liicht eropgaangen an deene leschte Joren. Am Joer 2020 hate mir zum Beispill 914 Demandeuren, an elo 2025 ware mir bei 1.253 Demandeuren.“
De Loyer frësst d'Akommes
Besonnesch Wunnproblemer sinn ee vun den Haaptgrënn, firwat d'Leit sech un den Office social wenden. Wann e groussen Deel vum Akommes schonn an de Loyer an an aner fix Käschte fléisst, bleift fir de Rescht vum Alldag manner iwwereg.
De Max erzielt, datt hien a seng Geschwëster mat der Zäit geléiert hunn, hir Wënsch un déi finanziell Situatioun unzepassen.
"Wou mir méi grouss gi sinn, huet et dann ugefaangen: Elo gëtt gespuert. Brauche mir dat? Brauche mir dat net? Muss dat elo sinn? Kënne mir dat den nächste Mount maachen? An iergendwann si mir op dee Punkt komm, wou mir opgehalen hunn ze froen.“
D'Sandra selwer wëllt virun allem, datt hir Kanner méi Méiglechkeeten am Liewen hunn. Si seet, si hätt ëmmer probéiert, hinnen esou vill ze ginn, wéi si konnt.
"Et deet mir einfach just leed, datt ech hinnen net ëmmer dat konnt ginn, wat si wollten.“
De Max wunnt mëttlerweil net méi bei senger Mamm an huet eng Aarbecht. Zënter hien en eegent Akommes huet, kann hie sech Saache leeschten, déi virdrun net dra waren – zum Beispill en eegene Spotify-Abo.
Seng Mamm soll sech an Zukunft och op hie verloosse kënnen.
"Mäin Zil ass et, do ze si fir meng Mamm, egal wat et ass. [...] Wann et eng Kéier méi schwéier gëtt, datt ech dann dee sinn, op dee si sech verloosse kann.“
Fir de Max bedeit seng Aarbecht domat och, finanziell op eegene Féiss ze stoen. An der Mamm, déi jorelaang fir hir Kanner opkomm ass, wëllt hien esou och eppes zeréckginn.