Radioen

On air

De gemittleche Moien  |  Franz Liszt - Consolations, S. 172, IV. Quasi Adagio - Salaputia Brass

play_arrow Live
opus

/ Sanktiounen an eng Demissioun am Service Videoiwwerwaachung vun der CFL

No internem Audit an disziplinarescher Enquête

Sanktiounen an eng Demissioun am Service Videoiwwerwaachung vun der CFL

Bei der CFL ass déi disziplinaresch Enquête wéinst de Mëssstänn bei der Videoiwwerwaachung ofgeschloss. Am zoustännege Service mat 24 Mataarbechter gouf et eng Demissioun an dräi weider Mataarbechter goufe mat der leschter Verwarnung bestrooft, esou den CFL-Generaldirekter Marc Wengler haut op Nofro vum Radio 100,7. Firwat genee d’Mataarbechter sanktionéiert goufen, bleift fir de Moment onkloer.

auto_stories

2 min

Iwwerwaachungskamera | © Chris Andrawes / Unsplash
Foto: Chris Andrawes / Unsplash

Ënnert dem Titel "Schlofen, Netflix, Mobbing" hat d’Tageblatt am Mäerz dëst Joer d’Problemer ëffentlech gemaach. D’Conclusiounen aus engem interne CFL-Audit – deen zousätzlech zur disziplinarescher Enquête gemaach gouf - goufen iwwerdeems haut an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert.

D’Agente vun der CFL iwwerwaachen d’Biller vun de ronn 1.500 Kameraen op de Garen, Quaien oder CFL-Parkingen net aktiv, fir no verdächtegem oder geféierlechem Verhalen ze sichen, steet ënner anerem am Rapport vum internen Audit, deen eis virläit.

Keng gréisser Dysfonctionnementer, mee Recommandatiounen

"Hei schwätze mer vun 1.500 Kameraen a vu 24 Agenten. D’CFL ass keng Police", huet d‘Ministerin Yuriko Backes no der Presentatioun vun de Conclusiounen aus dem CFL-Audit an Erënnerung geruff. Et wiere keng gréisser Dysfonctionnementer festgestallt ginn, mee et hätt ee vum Comité d‘audit verschidde Recommandatioune mat op de Wee kritt.

D’CFL wéilt verschidde Verbesserunge maachen, wéi zum Beispill d’Instruktioune fir d’Mataarbechter vum Service vun der Videoiwwerwaachung ze zentraliséieren, huet d’Mobilitéitsministerin ugekënnegt. Hirer Aschätzung no, hätten d’CFL-Kameraen éischter ee preventive Charakter.

Police huet 400 mol op Videobiller zougegraff

De Videoiwwerwaachungssystem vun der CFL wier net dee richtegen Outil fir eng Preventioun vun Delikter ze garantéieren, huet den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten festgestallt.

"Et ass éischter, datt op déi Biller zréck gegraff gëtt, falls eng Demande vun der Police kënnt, datt eppes soll geschitt sinn, op enger Gare oder am Ëmfeld vun enger Gare. Da kënnen déi Biller nëtzlech sinn, fir eng Opklärung ze suergen."

An der Sitzung vun der Chamberkommissioun wier haut um Donneschdeg d’Zuel genannt ginn, datt d’Police d’lescht Joer eng 400 Mol op dës Videobiller vun der CFL zréck gegraff hätt, esou nach den Yves Cruchten.

Lauschterenplay_arrow