Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ An de Schoulkantinne solle vun dëser Rentrée u méi Bio-Produkter a méi regional Produkter agesat ginn

Den Educatiounsminister annoncéiert

An de Schoulkantinne solle vun dëser Rentrée u méi Bio-Produkter a méi regional Produkter agesat ginn

Wat d’lescht Joer an eenzele Schoulen ugefaangen huet, soll elo verallgemengert ginn, fir all Kantinne vun de Lycéeën a vun der Universitéit. Net méi nëmmen de Präis soll den Ausschlag ginn, mee och Krittären, ob et Bio-Produkter sinn, oder eng lokal a regional Produktioun, esou de Minister. Doduerch sollen d’Schoulkantinnen däitlech méi nohalteg ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Mat groussem Succès wier schonn d’lescht Joer ugefaange ginn, an eenzele Schoulen op de Wee vu méi Bio-Produkter a méi regionale Produkter an de Kantinnen ze goen, erkläert de Minister Claude Meisch.

De méi groussen Asaz vu Bio a regionale Produkter soll fir all Kantinne vun de Lycéeën a vun der Universitéit gëllen, preziséiert de Claude Meisch: Deemno géif et ëm eng grouss Quantitéit goen. Dat géif een Zeeche setze fir d‘Produzenten, hir Produktioun ëmzestellen.

Wëssend, datt eben hei ee groussen Acteur do ass, wéi Restopolis, déi dat da Joer fir Joer och wäert brauchen.“

Claude Meisch: D'Gesellschaft profitéiert dovun

Wat de Käschtepunkt vun dëser geplangter Ëmstellung vun de Wueren an de Schoulkantinne wäert sinn, wier nach schwéier ze soen. Et wier et awer der wäert, och wann et ënnert dem Stréch méi deier gëtt. D’Gesellschaft géif dovu profitéieren, ënnersträicht den Educatiounsminister.

De Mouvement Ecologique hat rezent d’Kritik widderholl, datt an de Lëtzebuerger Schoulen nach ëmmer ze wéineg Bio-Uebst an ze wéineg regionaalt Uebst géifen agesat ginn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Edukatioun
Politik a Gesellschaft