Radioen

On air

Notturno  |  Leo Blech - Symhonesch Dichtung, Op. 6, die Nonne - Sinfonieorchester Aachen, Christopher Ward (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Déi Lëtzebuerger Enseignantsgewerkschafte reagéiere positiv op d'Handyverbuet

Educatioun

Déi Lëtzebuerger Enseignantsgewerkschafte reagéiere positiv op d'Handyverbuet

Vun no der Ouschtervakanz 2025 un, gëllt en integraalt Verbuet vu Smartphonen an de Grondschoulen a Maison-relaisen. Dat huet den Educatiounsminister Claude Meisch den Donneschdeg ugekënnegt. Dëst Reglement soll an den nächste Méint nach ugepasst ginn. D’Gewerkschaften SNE/CGFP an SEW/OGBL begréissen dës Mesure.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Social Media | © picture alliance / NurPhoto | Jonathan Raa play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Jonathan Raa

De Patrick Remakel, President vun der Gewerkschaft vun den Enseignanten aus der Grondschoul, schwätzt sech ganz kloer fir en Handyverbuet an de Grondschoulen aus. Den Handy wier e generelle Störfaktor gewiescht, seet de Patrick Remakel. D’Virdeeler vun engem Handyverbuet géife d’Nodeeler bei wäitem iwwerweien. Elo misst een zesumme mat den Eltere schaffen, fir datt de Message eng kloer Linn behält. Et wier och weiderhi garantéiert, datt Elteren am Fall vun enger Urgence un hir Kanner géife kommen, dovun ass de Patrick Remakel iwwerzeegt. Elo wier et wichteg, datt d‘Elteren an d‘Enseignante géifen zesummen an den Dialog trieden.

Handy lo scho verbueden, mee legal Basis feelt

Den SEW/OGBL ass dofir den Handykonsum an de Schoulen ze reduzéieren, erkläert d’Joëlle Damé. Et misst souguer nach weider iwwer déi generell Bildschirmzäit an de Schoulen diskutéiert ginn, seet d’Presidentin a verweist op aner Länner, déi bei der Digitaliséierung scho géifen zeréck rudderen. Bei der Ëmsetzung vum Verbuet gesäit si éischter Schwieregkeeten. Per se wier den Handy elo schonn an de Grondschoulen net erlaabt a géif da vun den Enseignante konfiszéiert ginn. Do géif awer ganz kloer eng legal Basis feelen, seet d’Joëlle Damé.

"Zum Beispill ass et elo schonn esou gehandhaabt ginn, datt a ville Grondschoulen d’Kanner keen Handy duerften hunn. An dann huet den Enseignant oder de President vum Schoulkommitee den Handy mat bei sech an de Büro geholl, also quasi konfiszéiert an d’Elteren hunn e misse siche goen."

Beim Handyverbuet missten also genee Instruktiounen agefouert ginn, fir datt d’Méiglechkeete vun der Schoul kloer definéiert sinn am Fall vun engem Verstouss géint d’Handyverbuet, fuerdert den SEW/OGBL.

Lauschterenplay_arrow