Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Clara Schumann - Soirées musicales, Op. 6, Nr.5 Mazurka. Con moto - Martin Helmchen (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Erofsetze vum Wollefsschutz: Wat ännert?

Natur- an Ëmwelt

Erofsetze vum Wollefsschutz: Wat ännert?

Lëtzebuerg wëll d'Propos vun der EU-Kommissioun fir de Schutzstatus vum Wollef erofzesetzen matdroen. Dat huet d’Landwirtschaftsministerin Martine Hansen dem radio 100,7 confirméiert. Wéi eng praktesch Konsequenzen huet elo den neien Schutzstatus?

auto_stories

2 min

Wollef | © Bigstock / Dushenina
Foto: Bigstock / Dushenina

De Schutz vum Wollef gëtt iwwer déi sougenannt Berner Konventioun vun 1979 gereegelt. An dësem Dokument steet de Wollef ënner striktem Schutz, dat heescht en dierf net gejot, net verjot an net gestéiert ginn.

Erlaabt war an Ausnamefäll awer och elo schonn d’Schéisse vun eenzele Problemdéieren déi Mënsch a Véi reegelméisseg ze no kommen.

Fir de Schutzstatus vum Wollef erofzesetze muss fir d’éischt d‘Berner Konventioun geännert ginn, dann eréischt kann och déi europäesch Habitat-Direktiv changéiert ginn. Déi reegelt de Wollefsschutz an der EU am Detail.

De Wollef ka weider net sou sou einfach geschoss ginn

Mam méi niddrege Schutzstatus ass d‘Juegd an Zukunft prinzipiell méiglech, dat awer ënnert der Konditioun, datt de Bestand stabil ass an net a Gefor geréit. Wat fir Lëtzebuerg keng direkt Konsequenze wäert hunn, well ee vu Bestand net ka schwätzen. Dofir misste sech schonn e puer Ruddele ganz hei néier gelooss hunn. Experten no wäert dat wéinst dem limitéierten Territoire och wuel ni geschéien.

De Wollef bleift also och mat dem neie Statut geschützt a kann net einfach esou ofgeschoss ginn. Zu Lëtzebuerg sollen a der Praxis och keng aner Reglementer oder Gesetzer wat d’Juegd betrëfft geännert ginn.

Systematesch Juegd op de Wollef wuel ausgeschloss

Duerch intensiv Schutzprogrammer sinn d’Wollefspopulatiounen an der ganzer EU geklommen. Insgesamt kënnt de Wollef an 23 EU-Staate vir, de Gesamtbestand gëtt op 20.000 Déiere geschat. Och zu Lëtzebuerg gouf et an de leschte Jore jo ëmmer nees vereenzelt Noweiser. E Wollefs-Management Plang soll hëllefen d’Wollefspresenz ze geréieren, z’informéieren an och am Fall vu Schued z’entschiedegen.

D’EU-Kommissioun verweist an hirem Virschlag virun allem op Problemer mat der Schofszuucht. Am wëssenschaftleche Rapport deen d’Kommissioun bestallt huet heescht et, datt pro Joer 0,065 Prozent vum Schofsbestand oder 65.000 Déieren an der EU duerch e Wollef gerass ginn. An de leschte 40 Joer gouf et keng déidlech Attack op e Mënsch. Am selwechte Rapport steet och ze liesen dat d’Juegd nëmme wéineg gëeegent ass fir Wollefspopulatiounen ze reduzéieren, et sief dann, si géif systematesch an am grousse Stil bedriwwe ginn. Dat géif awer géint d’Habitat-Direktiv verstoussen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Ëmwelt