Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Alexander Borodin - Sträichquartett Nr.2 a Ré Majeur, II. Scherzo. Allegro - Mandelring Quartett

play_arrow Live
opus

/ Et kënnt op d’Lëtzebuerger Stëmm un

SCHUTZ VUM WOLLEF

Et kënnt op d’Lëtzebuerger Stëmm un

D’EU-Länner di sech deels schwéier, hir Positioun iwwert de Wollef public ze maachen. Et kéint awer elo déi néideg Majoritéit zesumme kommen, fir effektiv de Schutz-Status vum Wollef ze labberen.

auto_stories

3 min

headphones

6 min

play_arrow

An der Europäescher Unioun gëtt eréischt an de leschte Jore méi hefteg iwwert d'Protektioun vum Wollef diskutéiert. De Sujet ass sensibel an d’Meenungen tëscht den EU-Länner ginn auseneen.

Bis vru kuerzem war dat anescht. De Status vum Wollef ass duerch eng international Konventioun gereegelt. Nach vrun zwee Joer hat d’Schwäiz do eng Demande gemaach hat, en ze labberen. Déi Demande gouf awer rejetéiert, och mat de Stëmme vun der EU.

Europäesch Kommissioun huet 2022 proposéiert, de Status ze labberen

Ee Joer dono huet d’Europäesch Kommissioun am Dezember 2023 d’Propose gemaach, de Wollef manner streng ze schützen.

Déi Propos hu verschidde Medien an den Zesummenhank gestallt mat Evenementer aus dem Privatliewe vun der Kommissiounscheffin: Am September 2022 war an der Heemecht vun der Ursula von der Leyen bei Hannover ee vun hire Päerd, ee Pony, vun engem Wollef gerass ginn. Dat hat, sou deemools ee Spriecher vun der Kommissioun, déi ganz Famill matgeholl.

Lëtzebuerger Revirement: Onkloer, firwat grad elo?

Lëtzebuerg war jo bis elo dogéint, eppes bei der Protektioun vum Wollef ze änneren.

Et géif hei am Land kee Probleem mam Wollef, dat huet d’Agrarministerin Martine Hansen am 100,7-Interview zou ginn.

Si sot och, si hätt mat de Ministeren aus hirer Parteiefamill, der Europäescher Vollekspartei, geschwat. Déi Partei hat d’Erlabe vun der Juegd op de Wollef ënnert verschiddene Konditiounen an hirem Walprogramm stoen. Déi schwaarz-blo Regierung huet deemno decidéiert, sech där EVP-Positioun unzeschléissen.

Nëmmen e puer EU-Länner géint eng Ännerung

D’Martine Hansen huet sech drop beruff, datt och aner Länner hir Positioun geännert hunn. D’Ministerin huet explizit Tschechien a Portugal genannt.  

Portugal deet sech awer schwéier, dat ze konforméieren. “Mir kennen dozou am Moment näischt soen”, sou ee Representant aus der portugisescher EU-Ambassade op eis Nofro.

Tatsaach ass, datt Portugal bis elo nieft Lëtzebuerg, Spuenien , Estland an Irland zu deene wéinege Länner gehéiert huet, déi sech géint eng Ännerung vum Schutz-Status vum Wollef ausgeschwat hunn.

Qualifizéiert Majoritéit ëmmer méi warscheinlech

Fir datt d’Positioun ugeholl gëtt, gëtt eng qualifizéiert Majoritéit vun de 27 EU-Länner gebraucht. Dat heescht, datt op mannst 15 vun de 27 Memberstaaten, déi 65 Prozent vun der Bevëlkerung an der EU representéieren, mussen dofir sinn.

Eisen Informatiounen no sinn den Ament mat Lëtzebuerg eng 14 bis 16 Länner fir d’Propose vun der EU-Kommissioun. Zu deene Länner gehéieren nieft grousse Länner ewéi Frankräich an Italien och Holland, Éisträich, Bulgarien genee ewéi Finnland a Schweden.

Däitschland, wat wéi e puer anerer nach Bedenkzäit a méi Informatioune gefrot hat, huet sech nach net definitiv positionéiert. Den däitschen Agrarminister Cem Özdemir vun huet sech e Méindeg zu Bréissel awer hannert d’Propose vum Labbere vun der Protektioun vum Wollef gestallt. Dat géif de Länner méi Flexibilitéit ginn, fir ze agéieren. “Een Accord op där Fro ass elo méiglech an der EU”, sou de grénge Politiker ouni ze präziséieren, ob Däitschland dofir stëmme wäert.  

Sollt nieft Lëtzebuerg och Portugal seng Positioun änneren, fält d’Méiglechkeet vun enger sou genannter Spär-Minoritéit, fir déi op mannst véier Länner gebraucht ginn, ewech.

E Mëttwoch sollen d’EU-Ambassadeuren een Test-Vott maachen a wann deen duerchgeet, kéint en Donneschdeg um Ministerrot eng definitiv Decisioun falen

Lauschtert dat ganzt Gespréich mam Danièle Weberplay_arrow

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft
Ëmwelt