Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Antonio Vivaldi - Véier Joreszäiten: Summer, Nr. 2, Op. 8, RV 315, III. Presto - Richard Galliano

play_arrow Live
opus

/ „Merci“: Campagne géint Littering vun Zigarettestëmp

Ëmwelt

„Merci“: Campagne géint Littering vun Zigarettestëmp

Haut fänkt déi nei Campagne géint de Littering vun Zigarettestëmp un. Eleng hei am Land leien am Moment iwwer 100 Milliounen Zigarettestëmp um Buedem. Op der ganzer Welt ginn all Dag 11 Milliarden Zigarettestëmp op de Buedem gehäit.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock / Ilona Lablaika

40 Prozent dovu landen an den Ozeanen. Mikroplastik-Stéckelcher vun de Filtere sinn och an der Ernierungsketten erëmzefannen. Mat der neier Campagne, mam Solgan „Merci“ wëllt d‘Ëmweltverwaltung, d‘Waasserwirtschaftsamt a Valorlux d‘Leit sensibiliséieren, d‘Zigarettestëmp net méi op de Buedem oder an d‘Gullien ze geheien. Dofir gi wärend der Campagne och gratis Täschen-Äschebecheren ausgedeelt.

Et ass iwwregens verbueden, Zigarettestëmp ewechzegeheien. Dofir gëtt et e Protokoll vun 145 Euro.