Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
opus

/ Antony Blinken: Israel d'Accord mam Deal fir eng Wafferou

Noen Osten

Antony Blinken: Israel d'Accord mam Deal fir eng Wafferou

Den amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken sot no engem Gespréich mam Benjamin Netanjahu - den israeelesche Premier hätt déi amerikanesch Propos fir eng Wafferou an d‘Liberatioun vun de Geiselen an der Gazasträif acceptéiert.

auto_stories

1 min

Et wier elo un der Hamas der Propos och zouzestëmmen, sot den US-Ausseminister zu Tel Aviv. 

D'Hamas huet awer Kritik geäussert. D'Propos wier onkloer a géif net deem entspriechen, wat ofgemaach gi wier, sot e Vetrieder vun der radikal-islamistescher palästinensesch Organisatioun vis a vis vun der Noriichtenagence Reuters. 

D'Verhandlungen iwwer eng Wafferou sollen dës Woch zu Kairo weidergoen. Den Antony Blinken soll dës Woch och an Ägypte reesen.