Radioen

On air

Notturno  |  Joseph Horovitz - Music hall suite, IV. Soft shoe shuffle - Luxembourg Brass Ensemble

play_arrow Live
opus

/ D'Kamala Harris zwéngt den Donald Trump an d'Defensiv

USA

D'Kamala Harris zwéngt den Donald Trump an d'Defensiv

Knapp zwee Méint virun der Presidentewal an den USA war an der Nuecht op haut Mëttwoch déi éischt a warscheinlech eenzeg Televisiounsdebatt tëschent den zwee Kandidate Kamala Harris an Donald Trump. Wéi erwaart hu béid Kandidate sech géigesäiteg attackéiert, si hu sech géigesäiteg Lige virgehäit, ënner den Haaptdiskussiounstheeme waren déi illegal Immigratioun, d'Ofdreiwung, déi héich Inflatioun an d'Kricher an der Ukrain an an der Gazasträif.

auto_stories

1 min

Kamala Harris an Donald Trump | © picture alliance / SVEN SIMON | SVEN SIMON
Foto: picture alliance / SVEN SIMON | SVEN SIMON

D'Kamala Harris huet an hirer Schlussdeklaratioun gesot, si wier op d'Zukunft orientéiert, an et dierft een net nees e Schrëtt no hanne goen, wärend den Donald Trump bemierkt huet, d'Demokraten hätten d'USA an en Echec geféiert.

Eisen USA-Korrespondent Philip Crowther mat weideren Andréck

Lauschterenplay_arrow

Déi éischt Analysen an US- an anere Medien hu keen direkten a klore Gewënner vun der Debatt gesinn. Vill Medie soen awer, d'Vize-Presidentin Kamala Harris hätt sech bei hirer éischter presidentieller Debatt gutt geschloen an eng staark Performance fir d'Demokrate bruecht.

No der Debatt huet déi amerikanesch Pop-Star Taylor Swift op Instagram matgedeelt, si géif d'Kamala Harris ënnerstëtzen.