Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Robert Schumann (arr. Aribert Reimann) - Fantasiestécker Op. 73, II. Lebhaft, leicht - Kammerata Luxembourg

play_arrow Live
opus

/ Automobilsecteur: D‘Acceptanz vum Elektroauto klëmmt zu Lëtzebuerg

Mobilitéit

Automobilsecteur: D‘Acceptanz vum Elektroauto klëmmt zu Lëtzebuerg

D‘lescht Joer wier ee ganz wiesselhaft Joer fir den Automobilsecteur gewiescht. Dat seet de Manuel Ruggiu vun der SNCA virun der Press. Et hätt een no der Pandemie rëm zeréck an d'Normalitéit fonnt. D'Erausfuerderunge wieren trotzdeem enorm.

auto_stories

1 min

headphones

3 min

Elektroauto | © picture alliance / Jochen Tack play_arrow

Dat wéinst der schwiereger Wirtschaftslag, de Personalkäschten, déi ëmmer weider klammen, an den ekologeschen Erausfuerderungen. D’Immatrikulatioune wieren d‘lescht Joer ëm bal 4 an een hallwe Prozent par Rapport zu 2023 zréckgaangen. Bei den neien Autoe wier et souguer ee Réckgang vun iwwer 5 Prozent.

Donieft géif d’Acceptanz vum Elektroauto zu Lëtzebuerg wuessen. Dëst géifen och d’Zuele weisen, esou de Manuel Ruggiu: E bësse méi wéi ee Véierel vun den neien Immatrikulatiounen d‘lescht Joer waren E-Autoen.

Haut, um Méindegmoien, gouf iwwerdeems och den Autosfestival presentéiert, deen de 25. Januar ufänkt a bis den 2. Februar dauert.

Lauschterenplay_arrow