Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
opus

/ Bei der Caritas deit sech een éischte Sozialplang un

An der Suite vum Finanzbedruch

Bei der Caritas deit sech een éischte Sozialplang un

De Méindeg huet de Krisecomité eng Reunioun mat der Personaldelegatioun. Betraff vun deem méigleche Sozialplang ass eisen Informatiounen no ee Grupp vu ronn 30 Leit, déi bei der Fondatioun Caritas schaffen. Dat concernéiert Personal ass souwuel am Beräich vun nationale wéi och internationalen Aktivéite vu Caritas Lëtzebuerg aktiv.

auto_stories

1 min

Caritas Logo | © Jo Diseviscourt

Iwwer 500 Leit schaffe bei deenen zwou Entitéite vun der Caritas, déi vum Finanzskandal betraff sinn. Geplangt ass, datt eng oder méi nei Entitéite gegrënnt ginn, fir déi national Projete vun der Caritas weider ze féieren. Nach ass onkloer, wéi vill Leit dobäi wäerten iwwerholl ginn.

Am Juli war bekannt ginn, datt d’Caritas Lëtzebuerg 61 Milliounen Euro geklaut krut. Eng Enquête vun der Justiz ass am Gaangen.