Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Henri Vieuxtemps - Romances sans paroles, Op. 7, II. Allegro - Philippe Koch (Gei), Luc Devos (Piano)

play_arrow Live
opus

/ PWC just ënner Conditioune bereet an der parlamentarescher Spezialkommissioun gehéiert ze ginn

Caritas-Affär

PWC just ënner Conditioune bereet an der parlamentarescher Spezialkommissioun gehéiert ze ginn

De Consultant PWC wëll fir d’éischt Kloerheet iwwert d’Missioun vun den Deputéierten, heescht et an engem Bréif un d’Chamber, deen eis virläit. Donieft wëll PWC d’Froen am Viraus kréien, an och d’Garantie, datt keng aner Froe gestallt ginn. Ausserdeem misst och d’Caritas averstane sinn.

auto_stories

1 min

PWC | © picture alliance/dpa | Matthias Balk
Foto: picture alliance/dpa | Matthias Balk

Nodeems d’Finanzfraude vun 61 Milliounen Euro bei der Hëllefsorganisatioun am Juli opgeflu war, hat d’Caritas PWC engagéiert. De Consultant huet d’gestion journalière iwwerholl, huet eng intern Forensik gemaach fir erauszefanne wat genee geschitt ass, an huet gehollef déi national Aktivitéite bei déi nei HUT asbl ze transferéieren.

PWC argumentéiert, datt an der Spezialkommissioun vun der Chamber just kann allgemeng iwwert Gouvernancefroe geschwat ginn, an net iwwert d’Caritas-Affär u sech, wéinst där jo eng Enquête vun der Justiz leeft.

D'Finanzdirektesch vun der Caritas ass inculpéiert, well si d'Virementen a Spuenien gemaach huet. Si verdeedegt sech, andeems si seet, si wier vu Kriminellen erageluecht ginn a si wier am Glawe gewiescht, den Optrag wier vun hirem Generaldirekter komm. D'Sue konnte bis haut net recuperéiert ginn.