Déi lescht Joren, wou Bloalge scho virum August an de Gewässer hei am Land ze fanne waren, wieren éischter d’Ausnam gewiescht.
Bloalgen tauchen normalerweis am Spéitsummer op
Et ass nämlech d’Norm, datt déi am August, respektiv am September optauchen. Eleng d’Temperature wieren och net fir d’Zuel vun de Bloalge verantwortlech, esou den Tom Bechet vun der Waasserverwaltung.
Wann d'Temperature klammen, géif dat net automatesch bedeiten, datt och d'Bloalgeproduktioun erop geet. Et wier deemno keen einfache kausalen Zesummenhang.
"D'Bloalge stinn natierlech a Kompetitioun och mat anere Liewewiesen, mat aneren Algen, mat deene se am Waasser musse konkurréieren."
Dat Ganzt géif och vun de Wiederkonditiounen ofhänken. Reen, deen Närstoffer vun de Felder an d'Flëss an d'Baachen ofschwemmt, huet och e groussen Afloss.
Risiko fir Mënsch an Déier
Bloalge si Bakterien. Si stousse Cytotoxin aus. Ee Stoff, dee beim Mënsch Krämp ausléise kann oder och d’Liewer ugräife kann, wann et an de Kierper kënnt. Bei Hënn ka just de Kontakt mat kontaminéierte Waasser schonn déidlech sinn.
Aktuell dierf ee bei de Plagë vu Burfelt an der Rommwiss wéinst de Bloalge guer net an d’Waasser goen, an d’Waasser och net benotzen.