Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
opus

/ Budgetsprojet: Kënnt et zu engem Mësstrauensvott?

Frankräich

Budgetsprojet: Kënnt et zu engem Mësstrauensvott?

Déi éischt Partie vum franséische Budget gouf an der Assemblée rejetéiert. Um Mëttwoch Owend huet dofir eng speziell Kommissioun e Kompromëss fonnt, deen nach eng Majoritéit brauch. Sollt dat net geléngen, kéint et schonn nächst Woch zu engem Mësstrauensvott kommen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri

No 7 Stonne Verhandlunge stoung um Mëttwochowend an der Commission mixte paritaire e Kompromëss iwwer déi éischt Partie vum Budget. Manner Erliichterunge fir d'Patronat bei de Cotisations sociales an och eng Revaloriséierung vun de Pensiounen ënner dem Inflatiounsniveau op Neijoerschdag gesäit deen neien Text vir. 

Elo muss dësen awer nach vun der Assemblée Nationale an dem Senat gestëmmt ginn. Sollt sech nächste Méindeg an der Assemblée keng Majoritéit ofzeechnen, da wäert de Premier Michel Barnier den Text mat Hëllef vum Artikel 49.3 ouni Vott duerchboxen. Dat huet hien um Dënschdeg confirméiert. Dat géing awer als Reaktioun e Mësstrauensvott vun der Lénksallianz no sech zéien.

Barnier probéiert Sozialisten an Ekologisten ze iwwerzeegen

Dee bräicht allerdéngs d'Stëmme vum rietsextreemen RN fir d'Regierung ofzesetzen. An dat schéngt den Ament ganz warscheinlech. Besonnesch d'Revaloriséierung vun de Pensiounen ass eng rout Linn fir den RN an d'Regierung setzt sech hei iwwer dës ewech. 

Zu engem Mësstrauensvott an enger Ofsetzung vun der Regierung kéint et da schonn nächste Mëttwoch kommen. 

De Premier Michel Barnier koum gëschter mat de Sozialisten an den Ekologisten zesummen, an der Hoffnung si dovun ofzehalen de Mësstrauensvott matzestëmmen. Béid Parteie soten no der Entrevue awer si géingen un dëser festhalen, wann de Barnier vum 49.3 Gebrauch mécht.

Lauschterenplay_arrow