Radioen

On air

Notturno  |  Leo Blech - Symhonesch Dichtung, Op. 6, die Nonne - Sinfonieorchester Aachen, Christopher Ward (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ Kommissiounssëtzung zur Caritas-Affär wäert net live iwwerdroe ginn

Kritik vun LSAP an déi Lénk

Kommissiounssëtzung zur Caritas-Affär wäert net live iwwerdroe ginn

Fënnef Ministeren informéieren d’Deputéierten aus sechs Chamberkommissiounen haut an enger Woch iwwert den neie Stand an der Caritas-Verontreiungsaffär. Dës Kommissiounssëtzung wäert awer net live iwwerdroe ginn, wat Vertrieder vun der Oppositioun bedaueren.

auto_stories

1 min

Foto: Chambre des députés

Datt an dëser Affär hannert zouenen Dieren diskutéiert gëtt, wier am Fong ee Skandal, esou op eis Nofro hin den LSAP-Deputéierte Franz Fayot.

Dem lénken Deputéierten David Wagner no wier et ermiddend, datt CSV, DP an ADR an esou Fäll ëmmer géint eng ëffentlech Diffusioun sinn.

Dem CSV-Fraktiounschef Marc Spautz no wier et normal, datt d’Sitzung net iwwerdro gëtt. Wärend der Testphas ass nëmme fir verschidde Chamberkommissiounen ee Livestream virgesinn. Gemeinsam Sitzunge mat anere Kommissioune sinn nëmmen dann ëffentlech, wann d’Kommissiounsmemberen hir Zoustëmmung ginn.

Aktualitéit
Caritas