Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
opus

/ Chambre de Commerce weist op d'Risike vun der Bevëlkerungsalterung

Avis zum Staatsbudget

Chambre de Commerce weist op d'Risike vun der Bevëlkerungsalterung

D’Chambre de Commerce lueft d’Regierung fir hir Efforten, de budgetären Defizit ze stabiliséieren. Si warnt awer, datt de Pensiounssystem net méi nohalteg ass. 

auto_stories

1 min

© Serge Kesseler

Den Direkter Carlo Thelen weist bei der Presentatioun vum Avis vun der Chambre de Commerce iwwer de Staatsbudget 2025 besonnesch op d’Risike vun der Bevëlkerungsalterung hin.

D’Cotisatioune wäerte vun 2026 un net méi duergoen, fir d’Depensen ze decken, esou d’Christel Chatelain, Directrice des Affaires Economiques vun der Chambre de commerce:

"Tëscht 2023 an 2028 wäerten d'Depensen ëm 7,2 Prozent pro Joer klammen, wärend d'Recetten nëmmen ëm 4,7 Prozent wuessen. Schonn 2026 wäerten d’Cotisatiounen net méi duergoen, fir d'Depensen ze decken."

Fuerderung fir direkt Reformen

Vun 2033 géif de System defizitär ginn a bis 2047 wiere se komplett opgebraucht. D’Chambre de Commerce fuerdert dofir direkt Reformen, wéi d'Adaptatioun vun den Depensen an eng Diskussioun iwwert d’Altersgrenz. Also ob de Pensiounsalter erhéicht soll ginn, fir de System finanziell stabil ze halen.

Si betount och d’Wichtegkeet, d’Kompetitivitéit ze stäerken, méi an de Logement z’investéieren an d’Digitaliséierung virunzedreiwen. D'Energietransitioun an d’Verdeedegungsausgabe gesäit si als weider grouss Erausfuerderungen.