Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Gioachino Rossini (arr. Robert-Nicolas-Charles Bochsa) - Ouverture aus "Il Barbiere Di Siviglia" - Duo Praxedis

play_arrow Live
opus

/ Schleisenaccident op der Musel: Laangt Waarde fir d'Kapitänen

Musel

Schleisenaccident op der Musel: Laangt Waarde fir d'Kapitänen

Zënter e Méindeg kënnen d‘Schëffer déi grad op de Musel festsëtzen, iwwer eng alternativ Prozedur duerch d‘Schleis bruecht ginn. Déi sougenannten Noutschleisunge sinn immens zäitopwänneg. Fir d‘Kapitänen heescht et elo Waarden, dat kuerz viru Chrëschtdag. Mir hu mat engem vun hinne geschwat.

auto_stories

4 min

headphones

10 min

play_arrow

Reportage geschriwwe vum Jimmy Bruch

De Jorg kënnt aus Holland an ass zënter méi wéi 20 Joer Kapitän vu Beruff. Eleng an de leschten 2 Joer ass hien d‘Musel mat sengem Schëff El Teide 80 mol erop an erof gefuer. Hie bréngt ënner anerem Schrott an den Hafen zu Mäertert.

Fir d'éischte Kéier fält Chrëschtdag an d'Waasser

Mir treffen hien um Quai hannert dem Hafen a gi fir d aller éischt vu senge 6 Muppe begréisst. Si hëllefen him a senger Fra beim waarde. Och hien hänkt mat sengem Schiff op der Musel fest säit d ‘Schleis an der Géigend vu Cochem duerch en Accident beschiedegt gouf. Eigentlech wollt hien eng lescht Fracht op Antwerpen bréngen an dann heem:

"Die ganze Familie war eingeladen bei uns auf dem Schiff, um nächste Woche dann zusammen zu verbringen, aber das wird alles -ja gut, wir können jetzt nichts machen."

Et ass fir d‘éischte Kéier a 25 Joer, datt seng Pläng fir d‘Chrëschtdeeg an d‘Waasser falen.

"Mir kréien näischt vun dem wat mer verluer hunn zeréck"

Mir stinn an der Kabinn vun der El Teide. Ee vu senge Muppen ass bei ons bliwwen an op der Fotell am Eck läit eng midd Katz. Hier mécht d’Waarde manner aus. De Jorg ass pragmatesch agestallt. Vill ännere kann hien net. Datt hie Riskéiert d‘Chrëschtdeeg mat der Famill ze verpassen ass eng Saach. Vill méi dramatesch ass dat finanziellt, well e Schëff wéi d ‘El Teide kascht. Virun allem dann, wann et keen Ëmsaz mécht well ee waarde muss. Eng 4.000 Euro den Dag kascht dat de Jorg.

Als Besëtzer ass hien eleng fir säin Ëmsaz responsabel a kann net domat rechnen, datt een him hëllefe kënnt. Zäit déi hien haut verléiert, ass och an Zukunft verluer.

"Wir bekommen niemals was zurück. Das Schiff ist ein kleines Schiff, ich glaube niemals, dass die Versicherung für das Schiff uns zahlen wird."

"Dorun hätt dach ee missen denken"

Virgëschter goung et un der futtisser Schleis lass mat där zäitintensiven Noutprozedur fir déi blockéiert Schëffer duerch d‘Schleis ze féieren. Dat ass fir de Jorg awer och just e klengen Trouscht. Informatiounen huet hien net vill, och wann hien urifft, fir nozefroen.

De Jorg ass e bësse perplex, datt et iwwerhaapt zu dëser Situatioun komme konnt. Als Kapitän huet hien déi wichtegst Stecker vu sengem Schëff ëmmer op Ersatz, seet hien. Dass een sech an de leschte 60 Joer ni gefrot huet wat geschitt, wann eng Schleis futti geet, ass fir hie komplett onverständlech:

"Ich kann mir nicht vorstellen dass, keine Ahnung wie lange die Mosel schon beschifft wird, aber das muss einer mal gedacht haben, wenn einer durch die Tore fährt, was dann? Da sollen die nicht gedacht haben dass das passieren kann?"

Gravéierend Konsequenze vun engem onglécklechen Accident

Wat de Jorg mat sengem Schëff dëser Deeg op der Musel erlieft, dorauser wäert hie wuel musse léieren.

"Wenn wir das erleben, wie wir jetzt hier erleben. Ja, dann sagt meine Frau auch: Warum sollten wir hier fahren, wenn wir so ein großes Risiko haben?"

De Jorg seet, hien hätt sech nimools erwaart, datt d'Konsequenze vun engem onglécklechen Accident esou gravéierend kéinten ausfalen. De Feeler gesäit hie ganz kloer bei deenen, déi dofir responsabel sinn, d'Musel als Waasserstrooss a Stand ze halen. 

An der Tëschenzäit huet de Jorg mat sengem Schëff de Quai vu Mäerter verlooss, an ass ënnerwee Musel ofwäerts.

De CEO vu Luxport Gilles Braquet erkläert, wéi de Mäerterter Hafen - nom Schleisenongléck vu Müden - déi aktuell Zäit ouni Schëffaart op der Musel iwwerbréckt.

Reportage an Interview

Lauschterenplay_arrow