Radioen

On air

Frëndlech Musek fir niewebäi  |  Johann Sebastian Bach - Suite Nr.1 a Sol Majeur, BWV 1007, Prélude - Sergey Malov (Cello da spalla)

play_arrow Live
opus

/ Christine Majerus: E Liewe ronderëmde Vëlo

Sot emol

Christine Majerus: E Liewe ronderëmde Vëlo

Mam Cyclocross um Dikrecher Härebierg an och mat der Victoire beim dem Cyclocross goung am November 2024 der Christine Majerus hir Profikarriär als Cyclistin definitiv op en Enn. No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, a mat net manner wéi 4 Participatiounen op den Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.

auto_stories

3 min

headphones

56 min

play_arrow

Der Christine Majerus hir olympesch Aventure huet 2012 zu London ugefaangen. Duerno waren et Spiller zu Rio, Tokyo an 2024 zu Paräis, mat um Enn enger 17. Plaz an der Dammestroossecourse.

Si war an der Lëtzebuerg Arméi an der Elittesportsektioun. Eng Zäit, fir déi si dankbar ass, well se der Christine Majerus erlaabt huet, professionell ze ginn a ze sinn.

Am Kapp schonn, am Häerz nach net

D’Christine Majerus gehéiert ouni Zweiwel zu de grousse Lëtzebuerger Sportlerinnen an dat weist och, datt si 4 Mol Sportlerin vum Joer war. Fir si ass awer elo Zäit komm, fir opzehalen. D’Fro ass natierlech, ob hir sportlech Pensioun scho bei hir ukomm ass. Am Kapp, mee awer och am Häerz.

“Am Kapp schonn, am Häerz nach net esou wierklech. Natierlech hätt ech kéinten een oder zwee Joer weiderfueren. Ech hu mäi Choix awer par rapport zu deem gemaach, datt ech awer eng laang Karriär hat. Ech sinn och midd vun deem ganzen Drock, vun deem ganze Reesen, vun ëmmer mussen op engem ganz gudden Niveau sinn. (...) Vun dohier wosst ech och fir mech selwer, datt et déi richteg Decisioun war.”

E perséinlecht Zil huet sech realiséiert

2024 war och e schéint Joer fir opzehalen, well d’Christine Majerus konnt nach eemol bei olympesche Spiller derbäi sinn, an dat as smat Paräis 2024 an Erfëllung gaangen.

“An dat war fir mech eng grouss Motivatioun fir nach emol alles ze ginn am leschte Joer. An déi Motivatioun hätt ech elo an den nächste Joren net méi gehat. Mee d’Häerz blutt awer nach ëmmer e bëssen. Ech hat elo d’Chance, datt ech awer an deene leschte Wochen d’Fräiheet hat awer nach e bësse Vëlo ze fueren, fir zum Schluss lues a lues auszeklinken.”

Et muss ee sech alles lues ofwinnen

Et ass awer net méiglech no där intensiver Karriär elo vun Honnert op Null erofzeschrauwen. An d’Christine Majerus muss sech de Vëlo an den Training lues ofwinnen, wat jo och gesondheetlech recommandéiert gëtt. Well e Sportlerkierper sech och esou entwéckelt huet, datt e fir den Effort gemaach ass. A fir einfach esou opzehalen ass fir de Kierper net gutt an och net fir de Kapp.

“Ech war zwar elo net méi professionelle Sportler, et ass elo net datt ech esou vill trainéiert hu wéi virdrun. Wann d’Wieder net gutt war, da sinn ech net eraus fuere gaangen. Also ech fueren net méi trainéieren. Ech ginn elo Vëlo fueren. An dat ass ee groussen Ënnerscheed, wann een deen am Kapp eng Kéier gemaach huet, da gesäit een d’Saach och ganz aneschters.”

An esou laang d’Christine Majerus d’Méiglechkeet huet, Vëlo fueren ze goen, wäert si dat och esou laang wéi méiglech maachen. An hire Kierper wäert do och Merci soen.

Lauschterenplay_arrow