/ Claude Gleis: Nom Bettenduerfer Vott kann een elo roueg viru schaffen
Nordstadfusioun
Claude Gleis: Nom Bettenduerfer Vott kann een elo roueg viru schaffen
D'Decisioun de leschte Mëttwoch vum Bettenduerfer Gemengerot fir sech aus den Nordstadfusiounsgespréicher zeréckzezéien koum iwwerraschend, och fir déi 4 aner Nordstadgemengen. Dat confirméiert den Ierpeldenger Buergermeeschter, deen och Koordinator vum Nordstad-Projet ass.
Den Ierpeldenger Buergermeeschter Claude Gleis (Foto: Christiane Kleer)
Gläichzäiteg begréisst de Claude Gleis de Bettenduerfer Vott awer och, well een elo endlech Kloerheet hätt an elo weider um Projet Nordstad kéint schaffen. De Moment géif een an Aarbechtsgruppe schaffen an een externe Büro begleet de Prozess bis d'Populatioune vun de 4 Gemengen dann 2027 an engem Referendum iwwer d'Fusioun kënnen ofstëmmen.
Och wa Kommunalreferenden net bindend wieren, géifen déi 4 Gemengen, déi lo nach iwwer de Projet Nordstad schwätzen, d'Resultater, déi 2027 an de 4 Referenden erauskommen, respektéieren, seet de de Claude Gleis.
Zur Fro, ob een d'Nordstadfusioun just zu 4 Gemenge géif duerchzéien, oder guer net, äntwert de Claude Gleis.
"Mir wäerten elo dee Prozess zu 4 virufueren a mir wäerten zu 4 an dee Referendum goen. A wann do elo eng Gemeng géif negativ ausfalen, dann ass d'Inclusioun Nordstad mol fir eng Zäit ad acta geluescht."