Eng Orientéierung Richtung Gemeng Tandel hält d’Dominique Steiner net fir eng gutt Iddi. De Buergermeeschter a seng Lëscht wier bei de leschte Gemengewale mam Walverspriechen ugetrueden, datt d'Nordstadfro an engem Referendum sollt gekläert ginn.
"Si hu sech net un hire Walprogramm gehalen. An et ass mat kengem Wuert eng Fusioun mat Tandel erwäänt ginn. Ech mengen, wann dat dat ass, wat si wollte man, dann hätte se sech awer mat deem Mandat misste wiele loossen."
D'Matgrënnerin vun der Initiativ Referendum Pro Bettenduerf weist sech och iwwerrascht doriwwer, datt 3 Gemengerotsmemberen hir Meenung vum éischten op den zweete Vott geännert a sech domat géint de Wielerwëllen ausgeschwat hätten. 2 Gemengerotsmemberen hätte sech am éischte Vott fir weider Nordstadgespréicher ausgeschwat, hätte sech gëschter awer dogéint ausgeschwat, een anere Member wier vun engem "nee" op ee "jo" gewiesselt.