De Bettenduerfer Gemengerot hat sech trotz géigendeelegem Referendum géint weider Nordstad-Fusiounsgespréicher decidéiert. D'Zukunft schéngen déi Bettenduerfer Gemengeresponsabel éischter an engem Rapprochement mat der Nopeschgemeng Tandel ze gesinn.
Och si wier vum Bettenduerfer Vott iwwerrascht ginn, seet d‘Tandeler Buergermeeschtesch Carole Gils. Et wier awer kee Geheimnis, datt Bettenduerf an Tandel scho laang a verschiddene Beräicher géifen zesummeschaffen, Beispiller sinn d‘Museksschoul an de Service Forestier.
„Mir kënnen eis ganz sécher virstellen, fir an Zukunft nach op aner Projeten zesummenzeschaffen. Well ech mengen de Gemenge geet et finanziell alleguer net esou immens, do hu mir all Interêt fir Infrastrukturen, déi mir kënnen zesumme bauen oder an d'Weeër ze leeden."
Méi enk Zesummenaarbecht "jo", Fusioun "nee"
D‘Tandeler Buergermeeschtesch mécht awer och kloer, datt et net ëm eng Fusioun geet, mee ëm eng Kooperatioun. Tandel ass schonn eng Fusiounsgemeng déi aus Baastenduerf a Fueren ervirgaangen ass an no 20 Joer wier een nach net prett fir eng weider Fusioun.
"Ech denken et kann een, et kann ee ganz vill op engem aneren Niveau zesumme schaffen, ouni elo direkt eng Fusioun ze maachen."
Eng méi eng Zesummenaarbecht kéint een iwwer een interkommunale Syndikat maachen. Virstellbar wier eng méi enk Zesummenaarbecht am Beräich Infrastrukturen, der Museksschoul oder och nach der méiglecher Apdikt zu Fueren.