Am Mierscher Theater huet d'Militärmusek den 22. Januar 2025 e Concert gespillt fir den 80. Joresdag vun der Befreiung vun Auschwitz an am Kader vum Internationalen Dag vun der Commemoratioun vum Holocaust. Organiséiert huet deen d'ASBL MemoShoah Luxembourg.
Um Programm stoung Musek vun aacht verschiddene Komponisten, a mat dobäi waren der och zwee aus Lëtzebuerg: de Marco Pütz an de Georges Sadeler.
Op der Bün stoungen dofir net nëmmen d'Museker:innen vun der Militärmusek, mee och nach zwee Solisten: de Geiist Yanis Grisó an de Sänger Charles Suberville.
Programm:
• Erich Wolfgang Korngold (Arr. Jean-Pierre Haeck): King’s Row Fanfare
• Johannes Sterts : Bachseits
• Georges Sadeler : Hymn of Hope
• Marco Pütz: “Die Judenbuche“ (aprés le roman de Annette von Droste-Hülshoff)
• John Williams (Arr. Calvin Custer): Theme from Schindler’s List
Yanis Grisó, Gei
• Jean Ferrat (Arr. Paul Dahm): Nuit et Brouillard
Charles Suberville, Gesang
• Jerry Bock (Arr. Ira Hearshen): Symphonic dances from “Fiddler on the roof”
• Stephen Melillo: I Shall Hear in Heaven
• Stephen Melillo: I Hear Now in Heaven
Interpreten:
• Lëtzebuerger Militärmusek
• Lt-Col Jean-Claude Braun, Direktioun
• Yanis Grisó, Gei
• Charles Suberville, Gesang