D’Cargolux rechent iwwerdeems domat, datt d’US-Handelspolitik sech negativ op d’Nofro beim Transport vu Wuere mam Fliger kéint auswierken.
D’Cargolux hätt d’Joer 2025 “extrem gutt” ugefaangen, esou de Generaldirekter Richard Forson. D'Zukunft wier de Moment awer ganz onsécher. Grond wieren d‘Aussoe vun der US-Regierung iwwer Stroftaxe fir verschidde Länner, déi sech permanent géifen änneren.
Vu staarkem Wuerenhandel tëscht Asien an Europa profitéiert
Trotz den ugekënnegten Douanestaxen an den Onsécherheete géif bei der Cargolux beim Ausbléck op de Rescht vun dësem Joer awer dat Positiivt iwwerweien, esou de President vum Verwaltungsrot. Den Tom Weisgerber hofft drop, datt d’Cargolux - wéi an de leschte 55 Joer - déi passend Léisunge fënnt.
"Am Moment ganz sécher keng Panik. A mir sollen elo och net iwwerreagéieren."
2024 hätt et bei der Cargolux eng grouss Croissance bei den transportéiere Wueren aus dem Online-Handel tëschent Asien an Europa ginn, esou de Finanzdirekter Maxim Straus.
"Ganz aussergewéinlecht Joer"
D’Cargolux huet d’lescht Joer alles an allem bal 13 Prozent méi Wueren transportéiert, wéi dat Joer virdrun.
"Déi Tonnen hu mer och méi deier verkaaft an dat huet natierlech dozou bäigedroen, dass mer dann d’Profitter substantiell konnte steigeren."
Op een Netto-Benefice vu 448 Milliounen US-Dollar. Dat waren 162 Milliounen Dollar méi wéi 2023. Den Tom Weisgerber schwätzt vun engem “ganz aussergewéinleche Joer 2024”, net nëmme finanziell.
"Duerch d’Acquisitioun vun der Luxair hire Cargo-Handling-Aktivitéiten an duerch eis Aquarius Bëschbränn-Fligeren hu mer awer och ganz vill Saache fäerdeg bruecht dat Joer."
Der Cargolux hir éischt dräi Läschfligere waren am Summer 2024 eng éischte Kéier a Spuenien am Asaz.
No der Iwwernam vum Cargo-Handling-Geschäft um Findel, beschäftegt de Grupp Cargolux elo ronn 3.900 Leit Personal.