Joboffer

Expert:in Kommunikatioun (Vollzäit)

auto_stories

2 min

Du hues e gutt Gespier fir Texter, Geschichten a Mënschen? Du weess, wéi wichteg eng kloer an authentesch Kommunikatioun fir d’Vertrauen an d’Reputatioun vum Service public ass? Dir ass et wichteg, datt däin Talent sënnvoll agesat gëtt? 

Beim MSP 100,7 bass du en zentrale Bestanddeel vun eiser Kommunikatioun no bannen an no baussen. Du dréis dozou bäi, eis Identitéit, eis Wäerter an eis Missioun visibel ze maachen – duerch kloer Messagen, relevant Contenuen an eng kohärent Kommunikatioun a Wuert a Bild. Du entwéckels a koordinéiers Kommunikatiounscontenu fir eis verschidde Kanäl – vun der Website iwwer Social Media bis bei Newsletteren. Dobäi hues du ëmmer eis Zilgruppen am Bléck.

Wéi stäerks du d’Ekipp?

Du kanns komplex Informatiounen an eng kloer, verständlech an uspriechend Form bréngen. Du schreifs gären, hues e gutt Gefill fir déi lëtzebuergesch Sprooch an trëffs de richtegen Toun. Du organiséiers gären Evenementer, bass oppe fir den Austausch mat Leit an hues en Don fir d’Gestaltung vun audiovisuellen Inhalter.

Wourop s du dech verloosse kanns

Du gëss Deel vun enger dynamescher a polyvalenter Ekipp. Du wäerts aktiv un eiser Kommunikatiounsstrategie matwierken, eis Corporate Identity weider entwéckelen an de Kontakt mat eiser Community stäerken. Mir bidden dir en Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) an e Salaire mat attraktive Perspektiven. An et vergeet kaum eng Woch, bei där s du net interessante Leit begéins oder u spannende Sujete schaffs.

Bereet fir den nächste Schrëtt?

Da schéck eis deng Kandidatur bis den 1. September 2026 op rh@100komma7.lu

Am Fall vun engem Rekrutement muss e Casier judiciaire (Nummer 3) virgeluecht ginn.

Link: notice d’information candidats