Fir dech ass Marketing kee Bauchgefill, mee eng kloer Strategie mat Resultater, déi sech moosse loossen? Ob en neie Podcast oder eng grouss Campagne, du frees dech direkt: Wien hu mir erreecht? Wien net? A firwat? Fir dech sinn Date keng dréchen Tabellen, mee e Wee fir de Public, an deem sengem Déngscht mir stinn, besser ze verstoen a besser ze erreechen.
Du bass beim MSP 100,7, als Deel vun eiser Ekipp fir digital Distributioun, zoustänneg fir d’Gestioun vun eisen Analytics-Toole fir eis Websäit, mobillen Appen an Drëttplattformen. Du interesséiers dech fir d’Méiglechkeeten, déi KI am Marketing an an der Kommunikatioun bitt an iwwerhëls gären d’Roll vum Early Adaptor vun neien Toolen. Du hues Freed drun, Marketingprojeten ze plangen an ëmzesetzen, schaffs gäre strukturéiert a behäls den Iwwerbléck.
Wéi stäerks du d’Ekipp?
Du bréngs belaaschtbar Analyse mat an d’Diskussioun wann et drëm geet, an der Ekipp nei Inhalter ze entwéckelen, Campagnen an Optrag ze ginn oder de Responsabele vun de Programmer Feedback ze liwweren. Du erkenns Trends a liwwers Verbesserungsvirschléi an der Offer a Relatioun mat den Ziler vum Service public.
Wourop s du dech verloosse kanns
Du gëss Deel vun enger dynamescher a polyvalenter Ekipp. Du wierks aktiv un eiser Marketingstrategie an eisem Audience Development mat. Mir bidden dir en Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) an e Salaire mat attraktive Perspektiven. An et vergeet kaum eng Woch, bei där s du net eppes Neies léiers oder u spannende Projete schaffs.
Bereet fir den nächste Schrëtt?
Da schéck eis deng Kandidatur bis den 1. September 2026 op rh@100komma7.lu
Am Fall vun engem Rekrutement muss e Casier judiciaire (Nummer 3) virgeluecht ginn.