D’CCDH huet sech hei mat enger Propositioun vun Déi Lénk beschäftegt. Et wier um Gesetzgeber e legale Kader fir IGVen – Interroption volontaire de grosses - ze schafen an ze garantéieren datt kee Mënsch ka gezwonge gi géint saï Wëllen ze handelen, sou d'Rhéa Ziadé Juristin beim CCDH.
D’ UN-Kommissioun fir d'Rechter vun de Fraen hätt an der Vergaangenheet betount, datt ee Refus oder d'Verleeë vun enger IVG ouni Komplikatiounen eng Form vu Gewalt géint Fraen ass.
"Et ginn awer nach ganz vill Länner uechter d' Welt, wou den Zougang zu IVG limitéiert ass a wou d' IVG och am Code pénal nach steet. Notamment ass dat de Fall an Däitschland. An deem Kader ass och ze betounen, datt hei zu Lëtzebuerg d'IVG eréischt säit 2014 aus dem Code pénal gestrach ginn ass, wat weist wéi wichteg dës Constitutionalisatioun ass."
D’Recht op IGV wier enk verbonne mat anere Mënscherecht notamment dem Recht op Privatsphär, op Gesondheet an op perséinlech Autonomie, sou Juristin. D’CCHD fuerdert och, datt den Delai fir eng Ofdreiwung vun 12 op 14 Schwangerschaftswoche verlängert gëtt an datt déi obligatoresch Bedenkzäit vun 3 Deeg virum IVG ofgeschaaft gëtt. Frankräich ass bis elo dat eenzegt Land an dem d‘Recht op Ofdreiwung zënter Mäerz 2024 an der Constitutioun verankert ass.