Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Isaac Albéniz - Suite Española, Op. 47, Asturias - Juan Carlos Fernández-Nieto (Piano)

play_arrow Live
opus

/ Internationalen Dag géint Gewalt u Fraen an Optak vun der Orange Week

Um 25. November

Internationalen Dag géint Gewalt u Fraen an Optak vun der Orange Week

D’Campagne vun der Orange Week steet dëst Joer ënner dem Slogan "All 10 Minutte gëtt eng Fra vun engem Familljemember oder dem Partner ëmbruecht". D’Zil vun der Orange Week ass et, op déi alarmant Eskalatioun vu Gewalt géint Fraen opmierksam ze maachen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D'Orange Week ass eng weltwäit Campagne, déi viru 16 Joer vun UN-Woman an d'Liewe geruff gouf. D'Faarf Orange steet dobäi fir d'Hoffnung op eng gewaltfräi Zukunft.

Den Zäitraum ass keen Zoufall

D'Orange Week dauert vun haut bis nach den 10. Dezember. Den Zäitraum ass net zoufälleg gewielt. Déi 16 Deeg gi vum Internationalen Dag géint Gewalt u Frae bis den Internationalen Dag vun de Mënscherechter. Déi éischte Projeten zu Lëtzebuerg lafen awer schonn zanter leschte Méindeg. Zu Lëtzebuerg gëtt d'Campagne vum Conseil National des Femmes, kuerz CNFL, organiséiert.

D'Zil ass et méi Bewosstsi fir geschlechtsspezifesch Gewalt ze schafen an domat en Tabu ze briechen. En zentrale Punkt an der Campagne vu ville Länner stellt d'Istanbul Konventioun. E rechtlechen Accord vum Europarot, deen 2011 gegrënnt gouf. Lëtzebuerg huet deen Accord 2018 ratifizéiert. Dozou gehéiert de Schutz vun den Affer, d’Preventioun an d'Strofverfollgung.

2.000 Fäll vun haislecher Gewalt zejoert

Der UN no erlieft all drëtt Fra kierperlech oder sexuell Gewalt an hirem Liewen. Och zu Lëtzebuerg ass d'Gewalt géint Fraen en aktuelle Sujet. Zejoert huet d'Police zum Beispill iwwer 2.000 Fäll vun haislecher Gewalt notéiert.

D'Me-too-Beweegung oder och den aktuelle Geriichtsprozess ronderëm de Mëssbrauchsfall vun der Gisèle Pelicot a Frankräich droe mat hirer Mediepresenz dozou bäi, datt d'Opmierksamkeet ronderëm Gewalt u Fraen an der Gesellschaft klëmmt. 

Lauschterenplay_arrow