Radioen

On air

De gemittlechen Nomëtteg  |  Antonin Dvorák - Serenade fir Sträichorchester a Mi Majeur, Op.22, III. Scherzo. Vivace - Balkan Chamber Orchestra, Toshio Yanagisawa (Dir.)

play_arrow Live
opus

/ "Mäin däischtert Geheimnis"

Mëssbrauch vu Mannerjäregen

"Mäin däischtert Geheimnis"

Weltwäit gëtt, der WHO no, all 5. Kand viru sengem 18. Gebuertsdag Affer vu sexualiséierter Gewalt. Zuele vun der Lëtzebuerger Justiz beleeën, datt an de leschte 5 Joer 222 Plainten eleng wéinst Vergewaltegung u Mannerjärege gemaach goufen. Dat wier knapp eng Plainte pro Woch. Eis Journalistin Michelle Barthel, huet mat enger Betraffener geschwat.

auto_stories

6 min

headphones

6 min

play_arrow
Symbolfoto: Jo Diseviscourt

Am Kader vum Internationalen Dag géint Gewalt u Fraen, de 25. November, an der Orange Week ass ee vun den thematesche Schwéierpunkte vum radio 100,7 de Mëssbrauch vu Mannerjäregen. Dësen Artikel behandelt Sujeten an en Temoignage vun enger Fra, déi als Kand sexuell Gewalt erlieft huet a mat eis hir Erfarunge gedeelt huet. Hiren Numm gouf geännert an d'Stëmm gouf vun enger Schauspillerin nogeschwat. Dës Inhalter kënne verschidde Persoune belaaschten oder beonrouegen. 

"14 Joer. Ech hätt dech méi al ageschat. Du gesäis awer schonn aus, wéi 18. Du bass dengem Alter einfach viraus. Du verstees mech besser, wéi Fraen a mengem Alter. Du hues dech awer gutt entwéckelt. Du bass jo eng richteg flott Joffer."

Dat si Sätz, déi jonk Meedercher ëmmer erëm héieren. Sätz, bei deenen engem d'Schuddere kënnen ausgoen. Sätz, déi och d’Christine sech vill huet missen unhéieren. Si ass ass eng vun de Fraen, déi als mannerjäregt Meedche vergewaltegt gouf. Haut ass si eng erwuesse Fra, déi mat hirem Trauma liewe muss. 

Mir blécken zeréck: D'Christine huet 12 Joer. Si wiisst an engem gewalttätege Stot mat vill Sträit op. Also probéiert d'Christine esou vill Zäit wéi méiglech anzwousch anescht ze verbrénge wéi doheem.

Ee safe Space

Wéi dann nei Leit an d'Noperschaft plënneren an och nach léif Déieren an e Kand hunn, fënnt d'Christine do hir sécher Plaz - e safe Space.

"Et war wéi en Doheem fir mech. Ech war e bësse wéi hiert Meedchen. Ech war dem Bouf wéi eng grouss Schwëster. An d’Madamm huet och oft gesot 'du bass wéi eng Frëndin fir mech'. Et muss ee soen, ech war och ëmmer dat Meedchen, vun deem ee gesot huet 'O, du bass esou räif fir däin Alter' oder 'du bass esou verstänneg’."

"Hien huet mat mir gemaach, wat hie wollt“

D'Christine entwéckelt sech weider a kënnt an d'Pubertéit. Deen deemools Mëtt-30-järege Familljepapp aus der Noperschaft verbréngt ëmmer méi Zäit mat deem 13-järege Kand. Vill Zäit eleng zu zwee am Computerraum oder owes virun der Tëlee. Kuerz nom 14. Gebuertsdag vum Christine kësst hie si déi éischte Kéier.

"Säitdeem, huet hie mech am Fong ugeleet. Iergendwann huet e mech dann am Zëmmer niewendrun op d’Bett geluecht, an et ass ëmmer weidergaangen. Also, mir haten ni Sex, esou richteg. Mee hien ass sech awer u mir vergaangen. Hien huet mat mir gemaach wat hie wollt."

Emotional ausgehéngert

Siwe Méint laang, bal all Dag, léisst hien d'Christine gleewen, datt si eng Bezéiung géife féieren. Als Kand un der Grenz zur Pubertéit fillt si sech valoriséiert.

"Ech war esou emotional ausgehéngert, datt déi Opmierksamkeet - och wann et mech haut schuddert, wann ech drun denken - déi Zäit war hien de Prënz."

Enges Daags um Wee fir bei hien, weess d’Christine: "Ech weess net firwat ech dat wosst, mee ech wosst, haut ass den Dag: Haut schlofe mir mateneen."

"Ech wollt just deng Stëmm héieren"

Et war wéi ëmmer, erzielt d’Christine. Mee iergendwann schellt den Haustelefon an um Apparat ass der Christine hir Mamm.

"An dat war komplett ontypesch. Meng Mamm huet ni ugeruff. Et huet och ni ee gefrot 'wéi war et?' An deen Dag huet si awer ugeruff."

"Ech wollt just deng Stëmm héieren" seet hir Mamm um Telefon. An deem Moment wier der Christine eng Luucht ugaangen.

De Gedanken, datt et eng Bezéiung war, sëtzt déif

D'Christine geet direkt heem. Ouni mat hirer Mamm ze schwätzen, an ouni datt d'Mamm nogefrot hätt. D'Christine geet an hir Kummer.

"An ech hunn ugefaange mech ze schummen. An dunn hunn ech Schluss gemaach."

"Schluss maachen". Esou bezeechent d'Christine dat, och nach Joren nom Mëssbrauch. De Gedanken, deen dee Mann an der Christine hire Kapp gesat huet, sëtzt och Haut nach déif. De Gedanken, datt dat deemools eng Bezéiung war. 

"Alles wat virdru schéi war, war duerno Ofweisung"

Fir eist Gespréich huet d'Christine Fotoen, Ziedelen an Tagebicher matbruecht. Dorënner och d’Email, mat där si deemools "Schluss" gemaach huet.

"Ech schreiwen: Ech kann an ech well d’Verantwortung fir déi zwou Famillen net méi laang huelen. Et géif mer Leed doen. Hien hätt seng Famill an ech hätt meng. An d’Äis géif och ëmmer méi dënn ginn. Ech géif hoffen, datt hie mat menger Entscheedung liewe kéint, an datt hien alt wéinstens e bësse kéint agesinn, datt mir Dommheete gemaach hunn."

Iwwer de Mail gëtt ni méi geschwat. Awer vun do u weist hien dem Christine nëmmen nach déi kal Schëller "Alles wat virdru schéi war, war duerno Ofweisung.", seet d'Christine.

De Kierper vergësst Mëssbrauch net

Si wëllt och net méi bei d'Famill an der Noperschaft goen. Hir Eltere froen ni firwat. Eng Zäit drop plënnert de Mann mat senger schwangerer Fra a sengem Kand fort. D'Christine lieft hiert Liewe weider. D'Virfäll ginn ni méi ugeschwat.

Awer de Kierper vergësst Mëssbrauch net esou einfach, déi Erfarung mécht och d'Christine. Jorelaang ass si och am Erwuessenenalter mat psychosomateschem Réckwéi geplot. No laanger Psychotherapie léiert si de Mëssbrauch als dat unzegesinn.

Den Ënnerscheed tëschent engem Penis, engem Fanger oder enger Zong

Déi deemools Mëtt-20-Järeg decidéiert, eng Plainte ze maachen. Ouni Erfolleg. De Code penal war deemools nach manner streng. De Mëssbrauch gouf net als Viol agestuuft a war dowéinst zu deem Zäitpunkt scho verjäert.

"Do hunn ech verstanen, datt et en Ënnerscheed mécht, ob e Penis an dech andréngt, e Fanger oder eng Zong."

D'Christine fält an eng schwéier Depressioun a geet fir zwee Méint an eng Psychiatrie.

"Täter hunn e gewësse Radar"

Si léiert mat hirem Trauma ëmzegoen, mee si wäert ëmmer erëm Grenziwwerschreidungen an hirem Liewen erliewen.

“Ech weess net, ob ee mir et ugesäit. Mee ech denke schonn, datt Täter e gewësse Radar hunn.”

D'Christine war een, fir Täter, ideaalt Affer: Si hat keng Elteren, déi si konnte beschützen, keng Opklärung oder Ënnerstëtzung an der Schoul a spéiderhin och kee Justizsystem, deen hir gehollef hätt. Wéi kann een esou schlëmm Fäll besser verhënneren? A wéi kréien d’Affer gehollef?

Lauschterenplay_arrow