Déi eenzeg Augementatioun, déi ee kéint beobachten, wieren d'Covid-Zuelen. Och wann d'Unzuel u Fäll nach däitlech ënner dem Niveau vu virun engem Joer leien.
Nach keng Grippewell
Eng méi grouss Grippewell – also Infektiounen mat Influenzea - gesäit d’Inspection sanitaire den Ament nach net.
"Nous n'avons pas reçu de notification de cas de grippe dans les maisons de retraite. Par contre, effectivement, comme je vous l'ai dit, on a eu notification d'une maison avec plusieurs cas de Covid."
De saisonale Grippe-Peak kënnt der Inspection sanitaire no normalerweis eréischt géint Enn Dezember an Ufank vum neie Joer. Bis dohinner bleift also nach genuch Zäit fir d’Impfung.
Grippeimpfung och fir Kanner
Nei ass dës Saison eng méiglecherweis méi praktikabel Offer fir Kanner.
"Il y a une nouveauté cette année, en ce qui concerne la vaccination grippe, c'est que la vaccination est prévue, à partir du mois d'octobre, pour tous les enfants entre 2 ans et 17 ans inclus Ils pourront recevoir une vaccination [...] par un spray nasal."
D’Grippeimpfung recommandéiert d’Inspection sanitaire weiderhin och nach fir Leit iwwer 65 Joer a fir Persoune mat chronesche Krankheeten. D’Covid-Vaccine sinn elo schonn disponibel. D’Grippevaccinen dogéint nach net. Ee geneeën Datum, wéini se disponibel sinn, konnt d’Anne Vergison nach net nennen.