Wirtschaft

EU gesäit kee Problem bei 7,4 Milliarden Euro schwéierem Deal vu VW

D‘EU-Kommissioun huet gréng Luucht gi fir e Milliarden-Deal vu VW. Volkswagen verkeeft nämlech 51 Prozent vu senger Duechtergesellschaft Everllence, déi grouss Motore baut. Bréissel gesäit bei deem Deal keng Gefor fir d‘Konkurrenzrecht.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Stefan Puchner
(Foto: picture alliance/dpa | Stefan Puchner)

VW an den US-amerikanesche Finanzinvestisseur Bain Capital ware sech Enn Juni eens gi fir déi Iwwernam. Déi Transaktioun bréngt Volkswagen 7,4 Milliarden Euro eran.

Schlecht Zäiten am VW-Konzern

Déi fënnef Standuerter vun Everllance an Däitschland sollen och ënner dem neie Proprietär op d‘mannst bis 2030 erhale bleiwen. Bis dohin dierfen och keng Mataarbechter:innen entlooss ginn.

Bei VW stinn Zéngdausenden Aarbechtsplazen op der Kipp. Et ass rieds vu véier Wierker, déi nach dëst Joer kéinten zoumaachen.